Zéisseng

Vu Wikipedia
Zéisseng
Vue op Zéisseng (ënnen, virun den Zuchschinnen), Hollerech (hannert de Schinnen), Märel (hanne lénks) a Belair (hanne riets)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Cessange
de: Zessingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 4.927
  31.12.2022
Fläch 657,79 ha
Héicht 310,9 m
Koordinaten 49° 35’ 21.0’’ N
      06° 06’ 18’’ O
D'Sportshal
De Centre Culturel

Zéisseng ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Südweste vun der Haaptstad. Et ass vun der Fläch hir de gréisste Quartier vun der Stad.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Quartier grenzt am Norden un de Quartiere Märel an Hollerech an dann, am Sënn vun der Auer, u Gaasperech an d'Gemeng Leideleng. Süd-westlech vun Zéisseng kräizt sech d'Autobunn A4 mat der A6 um Zéissenger Kräiz.

Zéisseng huet eng Fläch vu 657,79 ha, wat 12,72% vun der ganzer Fläch vun der Stad Lëtzebuerg ausmécht. Et sinn nëmme 70 ha als Besiidelungsfläch benotzt. Zéisseng huet eng Kierch, e Kulturzenter, eng Spill- an eng Primärschoul an eng Sportshal.

D'Héicht vum Quartier variéiert tëscht 264,2 Meter iwwer dem Mieresspigel beim Zuchtunnel a Richtung vun de fréieren Assurances Sociales zu Hollerech an 310,9 Meter beim Waassertuerm um Kuelebierg.

D'Zéissenger Baach leeft vum Schléiwenhaff duerch Zéisseng op Hollerech.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

2011 hunn 2.546 Leit zu Zéisseng gewunnt; op den 31.12.2022 waren et der 4.927. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 33,60 % géintiwwer 66,40 % Auslänner[1].

Zéissenger no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 4 927 100,00
1 Lëtzebuerg 1 656 33,61
2 Frankräich 949 19,26
3 Italien 327 6,64
4 Portugal 278 5,64
5 Belsch 222 4,51
6 Däitschland 132 2,68
7 Spuenien 128 2,60
8 Griicheland 86 1,75
9 Rumänien 81 1,64
10 Vereenegt Kinnekräich 77 1,56
Top 10 3 936 79,89
Aner Nationalitéiten 991 20,11

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Primärschoul
D'Zéissenger Kierch
De Waassertuerm um Kuelebierg

Zéisseng gëtt fir d'alleréischt mam Numm an engem Dokument aus dem Joer 1083 genannt, an där de Grof Konrad I. vu Lëtzebuerg der Abtei Almënster e Landhaus mat Ställ a Scheier iwwerschreift.

1681 hunn d'Fransousen ënner dem Louis XIV probéiert, déi vun de Spuenier besate Festung Lëtzebuerg anzehuelen. Dofir hu si d'Hannerland besat an den Awunner hir Wunnengen zerstéiert, hir Béischten an hir Rekolt confisquéiert. Enn des Joers hunn zu Zéisseng héchstwarscheinlech keng Leit méi gewunnt; eréischt zwee Joer drop gëtt et nees nei Bevëlkerungsandroungen an de Kierchebicher.

Bis 1920 huet Zéisseng zur Gemeng Hollerech gehéiert, éier dës de 26. Mäerz an der Gemeng Lëtzebuerg opgaangen ass[2].

Schoul[änneren | Quelltext änneren]

Bis zur zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass et zu Zéisseng keng Schoul ginn. 1863 sinn 63 Zéissenger Kanner op Hollerech an d'Schoul gaangen. Am selwechte Joer gouf d'Entscheedung geholl, eng Schoul mat engem Sall zu Zéisseng ze bauen, déi d'Joer drop hir Dieren opgemaach huet. 1921 ass en zweete Klassesall gebaut ginn. 1957 ass vis-à-vis vun der Kierch d'Spillschoul mat zwéi Klasseraim an engem Festsall a Betrib geholl ginn, a fir d'Rentrée 1961 ass eng ganz nei Primärschoul gebaut ginn. Dräi Joer méi spéit gouf dorun déi nei Sportshal bäigebaut.

Uganks 2017 ass d'Schoul wéinst Ëmbau- a Vergréisserungsaarbechten zou gemaach ginn. D'Kanner sinn an eng provisoresch Schoul am Grénge Wee gaangen, ier déi renovéiert Schoul fir d'Rentrée 20../..[Wéini ?] nees opgaangen ass.

Kierch[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Lëtzebuerg-Zéisseng.

Éier Zéisseng 1903 seng eege Kierch krut, sinn d'Awunner an déi vun Hollerech gaangen. Well déi éischt Kierch an den 1960er Joren erëm ze kleng gouf, ass 1969 mat den Aarbechte fir e méi e grousst Gebai mat 400 Sëtzplazen ugefaange ginn.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Waasserleitung ass 1899 ageweit ginn; si ass vun Sandweiler bis op Zéisseng an Hollerech erof komm. Virdrun hunn déi Zéissenger hiert Waasser aus privaten oder aus engem vun den zwéin ëffentleche Pëtze missen huelen. 1931 gouf den éischte Waassertuerm um Kuelebierg mat engem Faassungsverméige vun 1000 Kubikmeter gebaut. 1971 ass Zéisseng dunn an d'Waassernetz vun der SEBES ugeschloss ginn.

Un d'Gasnetz, dat et schonn zanter 1898 zu Hollerech ginn ass, ass Zéisseng eréischt 1920 ugeschloss ginn. Fënnef Joer méi spéit ass och den elektreschen Uschloss gemaach ginn, an 1935 krut Zéisseng seng éischt Stroossebeliichtung.

1927 ass Zéisseng un d'Busnetz vun der Stad Lëtzebuerg ugeschloss ginn.

Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Zéissenger Veräin, d'Société Chorale Cessange ass 1902 gegrënnt ginn, aus deem 1913 och den Zéissenger Pompjeescorps Sapeurs-Pompiers Cessange ervirgaangen ass. De Gesangsveräin Chantres de St Joseph ass 1921 ënner dem Numm Entre-Nous gegrënnt ginn an huet säin aktuellen Numm nom Zweete Weltkrich ugeholl[3]. Zu den anere Veräiner, déi nach haut existéieren, gehéieren: Gaart an Heem Zéisseng (1955), Dësch-Tennis Amicale Cessange (1957), Fraen a Mammen Zéisseng (1962) an Theaterfrënn Zéisseng (1981).

Den Zéissenger Foussballclub ass den FC CeBra 01. E spillt am Stade Boy-Konen, deen um Bord vun Zéisseng nieft der Leidelenger Industriezon Grasbësch läit.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zéisseng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.
  2. Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt de 14. Mäerz 2022)
  3. mywort.lu: Les Chantres de Saint - Joseph Presentatioun