Op den Inhalt sprangen

Gare Zéisseng

Vu Wikipedia

De Projet vun enger Gare zu Zéisseng gouf am Mee 2009 virgestallt. Et huet sech dobäi ëm eng nei Gare an der Peripherie vun der Stad Lëtzebuerg gehandelt, duerch déi d'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg an d'Streck Lëtzebuerg - Arel lafe sollten.

Domat wier et méiglech ginn, datt d'Zich op der Streck Bréissel-Lëtzebuerg-Stroossbuerg, déi vun 2015 bis 2016 ausgebaut gouf[Quell?], riicht duerchfuere kéinten, ouni an der Stater Gare de Kapp ze wiesselen. Och den Uschloss un d'TGVsnetz a Frankräich wier domat verbessert ginn.

De Projet vun der Gare ass am Kader vum Konzept Mobil 2020 entstanen. D'Pläng vum Gebai si vun der Architektentekipp Paczowski et Fritsch Architectes, déi en internationale Concours gewonnen haten.

4 Quaien an 9 Gleiser sollen an der Gare, 8 Meter iwwer dem Buedem, amenagéiert ginn. D'Entrée wier an enger gliesener Hal um Rez-de-chaussée gewiescht, duerch déi mat Lifter d'Quaien z'erreeche gewiescht wieren.

De Budget fir d'Baukäschte gouf 2009 op 150 Milliounen Euro chiffréiert.

An de Joren duerno goung ëmmer manner vum Projet rieds.

Am Juni 2023 goufe Pläng vun enger neier Hollerecher Gare virgestallt, déi de Projet vun der Gare Zéisseng zum Deel annuléieren oder ofléise soll.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Frank Weyrich: "Ein neuer Bahnhof für Hollerich." wort.lu [w+], 29.06.2023.