Op den Inhalt sprangen

Gare Hollerech

Vu Wikipedia
Gare Hollerech
Vue op d'Gleiser an der Hollerecher Gare
Typ Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1900
genannt no Hollerech
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Gaasperech
Koordinaten 49°35'43,43"N, 6°7'15,18"O
Héicht i. M. 286 m
Reseau
Statiounscode Lh
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) CFL-Linn 5, CFL-Linn 7
Linn(en) CFL-Linn 7
P.K. 19,004 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 256.011
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Lëtzebuerg,
Gare Leideleng
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Hollerich
Kaart
Lag vun der Gare Hollerech
Den RB5082 an Direktioun Lëtzebuerg
Erënnerungsplack um fréiere Gebai vun der Hollerecher Gare

D'Gare vun Hollerech ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg, tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Leideleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der rue de la Déportation déi hautdesdaags zum Stater Quartier Gaasperech gehéiert (bis 1920 Gemeng Hollerech).

An der Gare halen d'Zich vun der CFL-Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Péiteng - Rodange, wou d'Linn sech da spléckt an op Attem an der Belsch oder op Lonkech a Frankräich viru leeft.

2023 goufe Pläng virgestallt, fir bis 2033 d'Gare weider no Westen ze verréckelen, d'Quaie méi laang ze maachen an och d'Bréck iwwer d'Escher Strooss méi breet ze maachen, soudatt do d'Tramsgleiser an eng Halt fir eng nei Tramslinn hikomme kéinten[1].

D'Hollerecher Gare ass den 8. August 1900, zesumme mat der Ouverture vun der Streck vu Lëtzebuerg op Péiteng opgaangen, déi vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz PH, bedriwwe gouf. D'Streck ass de 6. September 1900 feierlech ageweit ginn, d'Gebai vun der „Prënzegare“ ass awer eréischt den 1. Mee 1902 offiziell opgaangen.

Iwwerdeems d'Gare Lëtzebuerg vun der Guillaume-Lëtzebuerg (GL) deemools nach aus Holz war, gouf zu Hollerech schonn eng méi pompös stenge Gare gebaut mat Mosaicken un de Wänn, eleganten eeche Miwwelen a marber Dëscher. D'Gare krut awer ni déi Wichtegkeet, déi hir Constructeure sech erwaart haten a se blouf ëmmer am Schiet vun der Gare centrale.

An der Gare Hollerech gouf en Uschloss un d'Streck vun der GL realiséiert, eng Rëtsch vun Ofstellgleisen, e Lokomotivschapp, e Waassertuerm, eng Gidderhal a Büroe fir d'Douane gebaut. D'Verbindungsgleis dat eng direkt An- an Ausfaart vun der Péitenger Streck an d'Rangéiergare Zwickau méiglech gemaach huet, gouf 1909/10 realiséiert.

Den 29. Juli 1902 huet de Jean Beissel vu Péiteng e Restaurant an der Gare opgemaach.

1927 ass d'Gasbeliichtung an der Gare mat enger elektrescher ersat ginn. Am Joer duerno gouf vum PK 10,715 aus eng Ofzweigung an d'Godrongsfabrick realiséiert.

Wéi d'PH den 1. Juli 1943 vun der Reichsbahn iwwerholl gouf, ass d'Hollerecher Gare zu enger Annex vun der Gare Lëtzebuerg ginn.

Wärend der Besatzung vu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland (Mee 1940 - September 1944), war d'Hollerecher Gare eng vun den Haaptsammelplazen, vu wou aus jonk Zwangsrekrutéiert an de Reicharbeitsdienst an an d'Wehrmacht geschéckt goufen, an och vun Dausende vu Lëtzebuerger, déi ëmgesidelt goufen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Deportatiounsmemorial.

Wat den Autostrafick nom Zweete Weltkrich ëmmer méi zougeholl huet, wat d'Hollerecher Gare ëmmer manner wichteg gouf, absënns well se baussent de Wunngebidder louch. D'Guichete goufen doropshin zougemaach.

De westleche Fligel vum Gebai, an deem Deel de Beissel säi Buffet de la Gare hat, ass 1976 ofgerappt gi fir do en Depot opzeriichten. Just well déi Zwangsrekrutéiert sech konsequent dofir agesat hu fir e Musée an der Gare anzeriichten, konnt verhënnert ginn, datt dat ganzt Gebai ofgerappt gouf.

Vun 1986 un ass d'Gebai komplett renovéiert ginn an am Joer 1990 si sämtlech Gleiser mam Ënnerbau an d'Quaien erneiert ginn an d'Weiche gradewéi d'Signalisatioun goufen ëmgebaut, fir datt se vun 1994 u kéinte vum zentrale Stellwierk aus gesteiert ginn. De Quai 2 gouf vu 70 m. op 190 m verlängert an et gouf eng Ënnerféierung gebaut.

Chef de Garen zu Hollerech
Vu(n) Bis Chef de Gare
1900 Jacques Blitgen
(1909) 1911 F. Gosselin
1912 1916 J. P. Bachim
1917 1926 D. Decker
1927 1930 G. Thoss
1931 1938 L. Gosselin
1939 1940 L. Stoffel

Zuchaccidenter zu Hollerech

[änneren | Quelltext änneren]
  • 13. Mäerz 1872: An der Hollerecher Gare knuppen 2 Gidderzich openeen; et gëtt 2 Doudeger[2]
  • 1. Dezember 1997: An der Hollerecher Gare knuppt e voll besate Persounenzuch op een eidelen, deen do steet. 60 Leit gi blesséiert.

An der Gare vun Hollerech ass zënter dem 5. Oktober 1975 den Deportatiounsmemorial an zënter dem 29. Mee 1996 de Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé ënnerbruecht.

D'Gare gouf 1987 op d'Lëscht vun de klasséierten nationale Monumenter gesat.[3]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem/Lonkech

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RB   Leideleng Attem
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RE   Dippech-Reckeng Gare Lonkech
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Attem Leideleng   RB   Lëtzebuerg Lëtzebuerg
Gare Lonkech Dippech-Reckeng   RE   Lëtzebuerg Lëtzebuerg

Zukunftspläng

[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 2023 goufe Pläng virgestallt, fir déi aktuell Hollerecher Gare mat enger neier z'ersetzen. Se soll westlech vun der aktueller ze leie kommen, méi no bei der Escher Strooss. Se kréich Quaien déi op d'mannst 250 Meter laang ginn, an et kéim och en neie mëttelste Quai bäi, absënns fir datt och d'Zich vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz do hale kënnen. Zousätzlech ginn déi zwou Brécken iwwer d'Escher Strooss mat enger Ënnerféierung ersat, woubäi den Duerchgang op 38 Meter méi breet gemaach gëtt, fir datt do nieft dem Stroosseverkéier och zwéin Tramsgleiser Plaz hätten. Déi nei Gare, eng Tramsstatioun a Bushalte bilden dann en zousätzleche Pôle d'échange um Gebitt vun der Stad.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pôle d'échange Hollerech.

De 5. Mäerz 2026 huet d'Chamber de Projet de loi 8668 eestëmmeg ugeholl, fir déi westlech Gleisanlagen an Deeler vun de Gebaier vun der Gare Lëtzebuerg ëmzebauen. Am Kader vun deem Projet ginn och d'Ännerungen zu Hollerech realiséiert; dozou gehéiert och d'Ofschafe vun der bestoender Halt an d'Ewechrappe vun de Quaien. Esoubal mam Bau vum Pôle d'échange ugefaange gëtt, gëtt déi aktuell Gare net méi bedéngt.[4]

Enn 2024 huet d'Transportministesch Yuriko Backes, op eng parlamentaresch Fro hin, dësen Zäitplang annoncéiert: vun Abrëll 2027 bis Dezember 2030 gëtt de südlechen Deel gebaut an tëscht Januar 2031 an Dezember 2034 deen nërdlechen.[5]

 Commons: Gare Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Frank Weyrich: "Ein neuer Bahnhof für Hollerich." wort.lu [w+], 29.06.2023.
  2. (de) Inland. Luxemburger Wort, 1872. Jg., nº 62, p. 2. (13.03.1872). Gekuckt de 07.03.2025.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
  4. (fr) Projet de loi modifiant la loi modifiée du 6 juin 2019 relative à la gestion, à l'accès, à l'utilisation de l'infrastructure ferroviaire et à la régulation du marché ferroviaire. wdocs-pub.chd.lu S. 11 (05.03.2026). Gekuckt de 06.03.2026.
  5. "Der Zeitplan für den Bau der Tram und des neuen Bahnhofs in Hollerich steht." wort.lu, 02.12.2024.
  • Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l’Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen: direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 126-137)