Op den Inhalt sprangen

Gare Bartreng-Stroossen

Vu Wikipedia
Gare Bartreng-Stroossen
D'Gare Bartreng-Stroossen am Mäerz 2013
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1859
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bartreng
Koordinaten 49°36'47,016"N, 6°3'35,366"O
Héicht i. M. 295 m
Reseau
Statiounscode Btr
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
P.K. 6,178 km
Gleiser 2 Duerchgangsgleiser
4 Stompgleiser
1 Uschlossgleis (Shell)
Gleiser mat Quai 2
 
Nopeschstatioun(en) Gare Lëtzebuerg,
Gare Mamer Lycée
Kaart
Lag vun der Gare Bartreng-Stroossen

D'Gare Bartreng-Stroossen ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am nordëstleche Wupp vu Bartreng, um Gebitt vun der Gemeng mam selwechten Numm, no bei Stroossen. Bei d'Gare kënnt een entweeder iwwer d'Rue de la Gare op der südlecher oder d'Rue du Chemin de fer op der nërdlecher Säit.

D'Gare Bartreng-Stroossen gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Mamer-Lycée.

Se huet e gratis Park & Rail-Parking mat 50 Plazen an dräi speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. An enger Bikebox kann ee säi Vëlo ënnerdaach stellen. An der Gare gëtt et eng Ënnerféierung déi awer net fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit accessibel ass.

Déi éischt Gare gouf 1858 gebaut an hat eng kleng Salle d'attente. 1883 gouf d'Gebai eng éischt Kéier vergréissert an ëm 1901 gouf den hëlzene Schapp mat engem Steebau ersat. 1908 gouf d'Gebai vun der Gare eng zweet Kéier vergréissert.

1956 bei der Elektrifizéierung vun der Streck goufen d'Gleiser erneiert an déi mechanesch Signaler mat Drotseelzuch goufe mat elektreschen ersat.

1976 goufen all d'Anlage moderniséiert an déi al Gare ass ewechgerappt ginn. En neit Gebai gouf op der Plaz vum Gardshaische vum PN. 79 gebaut, deen och suppriméiert gouf. Et gouf och en neit Relaisstellwierk gebaut, a Previsioun vun enger Fernsteierung op der ganzer Streck.

Den 23. Mee 1982 goufen d'Guicheten an der Gare fir zerguttst zougemaach.

Zu der Gare Bartreng-Stroosse gehéieren och d'Uschlëss vun de Bensinnsdepoten, déi a Richtung Lëtzebuerg tëscht Bartreng an der Helfenter Bréck sinn.

Fir sech dat aalt Garëgebai virzestellen, brauch ee just d'Gare vu Mamer kucken ze goen, dat ass e Guet dervun.

2014 gouf dat aalt Relaisstellwierk, dat bis dohi vu Klengbette ferngesteiert gi war duerch dat neit elektronescht Stellwierk vu Klengbetten ersat. Zanterhier gëtt d'Gare vu Bartreng-Stroossen ouni Tëschestatioun vu Klengbetten aus gesteiert.

Chef de Garen zu Bartreng-Stroossen
Vu(n) Bis Chef de Gare
1858 ? Heinen
1868 Paul Devaux
1880 1902 Evrard Weber
1902 1916 ? Petermann
1916 1927 Théodore Terens
1927 1930 Mathias Schmit
1930 1933 Leonard Meres
1933 1936 Mathias Beffort
1936 1945 Nicolas Steichen
1945 1957 J.-P. Breisch
1957 1961 Léon Geib
1961 1967 Nicols Melina
1967 1970 Roger Goedgen
1970 1976 Bernard Schloesser

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Klengbetten ↔ (Arel)

[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Klengbetten

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RB   Mamer-Lycée oder Mamer Klengbetten oder Arel

Méindes-freides, 7h-20h

Richtung Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Bartreng-Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien