Gare Mamer
![]() D'Mamer Gare (2023) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 15. September 1859 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Mamer |
Uertschaft | Mamer |
Koordinaten | 49°37'27"N, 6°0'59"O |
Héicht i. M. | 303 m |
Reseau | |
Statiounscode | Mr |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 9,768 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Mamer Lycée, Gare Capellen |
![]() |
D'Gare vu Mamer ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Sektioun Mamer-Süd an der Gemeng Mamer a gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Mamer-Lycée an där vu Capellen.
Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 43 Plazen an zwou spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gebai vun der Gare ass eent vun de wéinegen zu Lëtzebuerg an deenen nach eng Salle d'attente accessibel ass.
Den Accès fir an d'Ënnerféierung fir de Quai ze wiesselen ass net behënnertegerecht.
Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert d'Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems am Juni 1858 den Tracé fir déi nei Streck vu Lëtzebuerg op Klengbetten festgeluecht gi war, huet de Gemengerot vu Mamer den 12. Juli 1858 festgehalen, datt de Flouer Schmitznommert, do wou d'Weeër fir op Holzem a Garnech sech kräizen, déi bescht Plaz wär fir d'Gare ze bauen. D'Mamer Gare ass de 15. September 1859, zesumme mat der Ouverture vun der Eisebunnsstreck opgaangen, déi vun der Compagnie Guillaume-Luxembourg (gekierzt GL, oder „de Wëllem“ genannt) bedriwwe gouf. Déi offiziell Aweiung war de 4. Oktober 1859.
Nodeems déi ganz Streck tëschent 1974 an 1980 erneiert a moderniséiert gouf, gëtt se zënterhier vum zentrale Stellwierk zu Klengbetten gesteiert a brauch net méi besat ze sinn. 1980 gëtt och de Gidderschapp ofgerappt, fir Plaz ze maachen, fir e Parking z'amenagéieren.
Vu(n) | Bis | Chef de Gare |
---|---|---|
1858 | ? | Goerg |
1896 | 1900 | Schröder |
1901 | 1911 | Peter Schneider |
1912 | 1916 | Léon Bodson |
1917 | 1924 | Manternach |
1925 | 1933 | Fox |
1934 | 1940 | Kolbach |
? | 1955 | Jean Fonck |
1956 | 1967 | Emile Wilmes |
1968 | 1969 | Albert Wehles |
1970 | ? | Marcel Arendt |
Zuchaccidenter zu Mamer
[änneren | Quelltext änneren]- 6. Juli 1922: Zwou Persoune stierwen an zwou ginn der blesséiert, wéi an der Géigend vun der Mamer Gare eng Lokomotiv entgleist, well den Daach vun engem Schapp duerch e Wieder op d'Gleiser geblose gouf[2].
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Mäerz 2025)
Linn Lëtzebuerg ↔ Klengbetten ↔ (Arel)
[änneren | Quelltext änneren]Richtung Klengbetten
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Mamer-Lycée | RB | Capellen | Klengbetten oder Arel |
Richtung Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Quaie vun der Gare a Richtung Capelle gekuckt.
-
De Waardesall an der Gare
-
Loftbild vun der Gare, a Richtung Capelle gekuckt
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Mamer
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Mamer op der CFL-Websäit
- D'Gare Mamer op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Mamer op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 31. Januar 2025).
- ↑ (de)Lokales. Luxemburger Wort, 1922. Jg., nº 155, p. 3. (06.07.1922). Gekuckt de(n) 13.03.2025.
- Quell vum Abschnitt Geschicht, wann net anescht uginn: Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l'Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen : direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 195-212)