Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng
D'CFL-Statioun zu Wuelmereng | |
![]() Streckekaart vun der Linn 6b | |
Linnennummer | 6b |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Beetebuerg |
op | Gare Wuelmereng |
iwwer | Gare Diddeleng-Biereng, Gare Diddeleng-Stad, Gare Diddeleng-Zenter, Gare Diddeleng-Schmelz |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 7 km |
Gréisst Steigung | 11 ‰ |
Klengste Radius | 190 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Vitesslimitatioun | 80 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
![]() |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
![]() |
Beetebuerg | 0,000 |
![]() |
Diddelengerbaach | |
![]() |
Ofzweigung Arcelor Mittal Diddeleng | |
![]() |
A 13 | |
![]() |
PN. 102d Biereng (Route de Burange) | |
![]() |
Biereng (Rue J. Simon) | |
![]() |
Diddeleng-Biereng | 3,000 |
![]() |
Diddeleng-Stad | 3,950 |
![]() |
Diddeleng CR160 (R. de Kayl - Av. Grande-Duchesse Charlotte) |
4,050 |
![]() |
PN. 103b Diddeleng (Rue Jean Jaurès) | 4,355 |
![]() |
Diddeleng-Zenter | 4,450 |
![]() |
PN. 104 a Diddeleng (Rue Karl Marx) | 4,550 |
![]() |
Uschloss Walzwierk Diddeleng | |
![]() |
Diddeleng-Schmelz | 5,223 |
![]() |
Wuelmereng | 7,000 |
D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Beetebuerg op Wuelmereng.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
[änneren | Quelltext änneren]D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 6b bezeechent. Bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Deel vun der Linn 60 bekannt.
Iwwer d'Streck fiert follgend CFL-Linn(Stand: Januar 2025)
- Beetebuerg - Wuelmereng, eng Niewelinn vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
D'Streck ass 7 km laang an - ausser an der Gare Diddeleng-Schmelz - op der ganzer Streck eegleiseg. D'Vitess op der Streck ass op 80 km/h limitéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Wéi an den 1880er Joren eng Schmelz zu Diddeleng geplangt gouf, war och en Uschloss un d'Bunn néideg. D'Zuchstreck Metz - Lëtzebuerg, déi 1859 opgemaach gi war, ass zwar schonn iwwer Diddelenger Territoire gefuer, ma déi nooste Gare war zu Beetebuerg. Den 20. Dezember 1883 ass d'Streck Beetebuerg - Diddeleng dunn opgemaach ginn. 1884 gouf den Uschloss op d'Beluedstatioun Reiteschkopp realiséiert an zanter 1888 war dat Gleis en Deel vun der Eisebunnsstreck[1]. Wéi dunn 1886 d'Diddelenger Schmelz opgoung ass den Transportvolume gewalteg an d'Luucht gaangen. Absënns well all Brennstoffliwwerungen an e groussen Deel vum Eisenäerz mat der Bunn transportéiert goufen, huet d'Streck zu enge vun de profitabelste Strecken zu Lëtzebuerg gehéiert[2].
1959/60 gouf d'Streck elektrifizéiert, deen elektresche Betrib huet den 9. Juli 1960 ugefaangen[2].
Wéi 1984 d'Stolwierk zougemaach gouf, blouf nëmmen nach e Walzwierk zu Diddeleng bestoen. De Gidderverkéier huet séier ofgeholl an déi kuerz Streck op d'Reiteschkopp gouf 1988 zougemaach[3].
An den 1990er Jore koumen déi nei Halten Diddeleng-Biereng an Diddeleng-Zentrum bäi.
D'Verlängerung vun der Streck bis an dat franséischt Wuelmereng gouf 2001 beschloss an d'Verlängerung vun der Streck gouf am Dezember 2003 ageweit[3].
Wéi 2005 d'Walzwierk zougemaach huet, war et 2006 och mam Gidderverkéier eriwwer[3] an zanterhier ass d'Streck just nach fir de Persouneverkéier op.
Passagéierzuelen
[änneren | Quelltext änneren]Op der Streck Beetebuerg - Diddeleng - Wuelmereng goufen am Joer 2022 699.000 Leit transportéiert, dat Joer duerno waren et der 736.000[4].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Garen zu Diddeleng: Biereng...
-
Stad...
-
Zentrum...
-
a Schmelz.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2026, Version 1.0.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 360
- ↑ 2,0 2,1 ibid S. 361
- ↑ 3,0 3,1 3,2 ibid S. 362
- ↑ Luc Ewen, „Auf die Nebenlinien ist nicht immer Verlass“, Luxemburger Wort, 20.03.2024, S. 16