Gemeng Diddeleng

Vu Wikipedia
Diddeleng
d'Gemengenhaus vun Diddeleng
An anere Sproochen fr: Dudelange
de: Düdelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Dan Biancalana (LSAP)
Awunner 21.953
  1. Januar 2023
Fläch 2.138 ha
Héicht 298 m
Koordinaten 49° 28’ 56’’ N
      06° 05’ 04’’ O
LAU-Code LU0203
Websäit https://www.dudelange.lu/
De Gehaansbierg.
D'Niddeschgaass am Zentrum
De Quartier Italien.
Vue iwwer Butschebuerg op den RTL-Antennepotto.
Waassertuerm + Pomhouse.
Kulturzentrum Opderschmelz.
D'Galerie Dominique Lang am Quartier Brill.
D'Kierch Diddeleng.

D'Gemeng Diddeleng ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Diddeleng vun där se och hiren Numm huet.

Quartieren a Sektiounen[änneren | Quelltext änneren]

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaséng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.

De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander an der Uelzecht.

Topographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Reschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.

Den héchste Punkt ass op der Grenz vun Téiteng um Kalebierg op 435 m.

Eng besser bekannt héich Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTLs-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.

Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg: Helleng, Beetebuerg, Näerzeng, Keel an Téiteng

A Frankräich: Wuelmereng, Kanfen, Zoufftgen an Hoen

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Diddeleng den Titel "Stad". Mat deem Gesetz ginn déi zwee fréier Dierfer Biereng a Butschebuerg an d'Stad mat iwwerholl a sinn haut Quartiere vun Diddeleng.

D'Geschicht vun Diddeleng ass staark markéiert vun der industrieller Entwécklung am Minett. Gläich an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert war Diddeleng eng Héichbuerg vun der Stolfabrikatioun. Et war eng grouss Schmelz mat Héichiewen, engem Stolwierk an engem Walzwierk opgeriicht ginn, mat spéider niewendrun enger Galvaniséierungsanlag, enger Sauerstoffanlag, a mat der Gare Diddeleng-Schmelz fir déi fäerdeg Produkter op Zich ze verlueden. De Schinnequai ass haut nach ee Begrëff fir all Diddelenger.

Ëm 1882 hunn d'Patrone vun der Diddelenger Schmelz den Optrag ginn fir eng Zillebäckerei opzeriichten, well si Zille gebraucht hu fir hir Hangaren, Atelieren a Kamäiner ze bauen, an awer och fir d'Aarbechterhaiser an de Kolonie wéi am Brill an der Hondsgaass (rue du Travail), an an der Lachegaass (rue de Zoufftgen). Déi Fabrick gouf vun engem belschen Industriellen dem Victor Tassin opgeriicht op der Plaz déi haut de Quartier Wolkeschdall ass.

No der Restrukturéierung vun der ARBED an den 1980er Joren ass nëmme méi ee kaalt Walzwierk an eng Beschichtungsanlag iwwreg bliwwen.

Duerno hu sech zu Diddeleng a ronderëm kleng, mëttel an och e puer méi grouss Industrien niddergelooss sou wéi Giebel, Husky, a Luxguard.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

D'or au lion de sable

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Diddeleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 19 (bis 2011: 17, bis 1999: 15) Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV gréng Lénk LSAP DP
1999 1 2 1 - 11 -
2005 0 4 2 - 11 -
2011 1 3 2 1 10 -
2017 1 5 2 1 10 -
2023 1 4 2 1 10 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Diddelenger[änneren | Quelltext änneren]

Partnerschafte mat auslännesche Stied[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Diddeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  2. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Gearchiveerd op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-05.