Ernest Mengel
Ausgesinn
Ernest Mengel | |
---|---|
Gebuer |
27. Mäerz 1913 Diddeleng |
Gestuerwen |
16. Dezember 1968 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ugräifer |
Veräin/Ekipp | Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
Famill | |
Geschwëster | Florian Mengel |
Den Ernest Mengel, genannt Enschy, gebuer de 27. Mäerz 1913 zu Diddeleng, an do gestuerwen de 16. Dezember 1968, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2]
Tëscht dem 21. Januar 1934 am 10. Mäerz 1946 huet den Ernest Mengel an 28 Matcher 8 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[3]
Hien ass de klenge Brudder vum Florian Mengel.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer