Colette Flesch

Vu Wikipedia
Colette Flesch
Gebuer 16. Abrëll 1937
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Wellesley College, Fletcher School of Law and Diplomacy
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Fechter
Gréisst 162 Zentimeter
Gewiicht 58 kg
Partei Demokratesch Partei
Famill
Papp Robert Flesch
Mamm Madeleine Alexandre

D'Colette Flesch gebuer de 16. Abrëll 1937 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin a fréier Sportlerin. Si ass d'Duechter vun der Madeleine Alexandre an dem Robert Flesch.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

1940 gouf d'Colette Flesch mat hirer Famill op Brive-la-Gaillarde evakuéiert, wou hire Papp kuerz drop gestuerwen ass. Mat hirer Mamm ass si eng Zäit a Frankräich bliwwen an ass och do an d'Schoul gaangen, bis si 1945 erëm zeréck op Lëtzebuerg geplënnert sinn. Nodeem si um Belair an d'Primärschoul gaange war, huet si hire Premièresexamen am Meedercherslycée an der Stad gemaach.

Wärend hirer Schoulzäit huet si e Schüleraustausch an d'USA gemaach, an huet sech dunn och decidéiert, do ze studéieren. Um Wellesley Women's College an op der Fletcher School of Law and Diplomacy am Massachusetts huet si Politik an Ekonomie studéiert.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 1982 op Besuch am Pentagon beim deemolegen U.S. Verdeedegungsminister Caspar W. Weinberger

Vun 1964 bis 1969 war d'Colette Flesch Verwaltungsrot am Sekretariat vum Conseil vun den Europäesche Communautéiten zu Bréissel.

Am Dezember 1968 waren zu Lëtzebuerg virgezunne Walen an d'Colette Flesch gouf fir d'Demokratesch Partei an d'Chamber gewielt.

1969 waren dunn och d'Kommunalwalen, a si gouf mat nëmmen 32 Joer Buergermeeschtesch vun der Stad a blouf dat bis 1980.

Vun 1969 bis 1980 a vun 1984 bis 1989 war si Deputéiert an der Chamber. Och am Europaparlament war si tëscht 1969 an 1980, tëscht 1984 an 1985, a vun 1989 bis 1990.

D'Colette Flesch war Generalsekretärin (1976-1980) a Presidentin (1981-1989) vun der DP. Si ass och eng Zäit laang Presidentin vun der Europäescher Federatioun vun de Liberalen, Demokrateschen a Reformparteie gewiescht.

Vun 1971 bis 1980 war se Member vum Verwaltungsrot vun der Banque Générale du Luxembourg.

Vun 1980 bis 1984 war se an der Regierung vum Pierre Werner Vizepremier, Ausseministesch, a Ministesch fir Aussenhandel, Kooperatioun, Wirtschaft, Kleng- a Mëttelbetriber a Justiz.

Tëscht 1990 an 1999 war d'Colette Flesch General-Direktesch an der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Kultur, Kommunikatioun a Sport, duerno fir den Iwwersetzerdéngscht.

Vun 1999 bis 2004 war si nees Europadeputéiert. Vun 2004 bis 2009 war si Deputéiert an der Chamber.

Vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1999 war si Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg an duerno war si do Schäffin. 2007 huet si dat Mandat un d'Lydie Polfer ofginn.

Sportlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

An den 1960er Jore war d'Colette Flesch eng erfollegräich Fechterin. Si war e puermol Landesmeeschterin an huet Lëtzebuerg dräimol op den Olympesche Spiller vertrueden: 1960 zu Roum, 1964 zu Tokyo an 1968 zu Mexiko-Stad. Si gouf 1967 lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer.

Si war och Generalsekretärin a Presidentin vun der Fédération luxembourgeoise d'escrime a Member vum lëtzebuergeschen olympesche Kommitee.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Colette Flesch ass d'Enkelin vum Auguste Flesch. Si ass "gepacst" an huet keng Kanner.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Colette Flesch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Paul Wilwertz
Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg
1970 - 1980
Nofollger:
Camille Polfer
Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Sylvie Hülsemann 1967 Sylvie Hülsemann


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022