Olympesch Summerspiller 1968
Ausgesinn
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Spiller vun der XIX. Olympiad | |
|---|---|
| Olympesch Summerspiller | |
|
| |
| Land | Mexiko |
| Stad | Mexiko-Stad |
| Ufanksdatum | 12. Oktober 1968 |
| Schlussdatum | 27. Oktober 1968 |
| opgemaach vum/vun der | Gustavo Díaz Ordaz |
| Olympeschen Eed | Pablo Garrido |
| Olympesch Fakel | Enriqueta Basilio |
| Kompetitiounen | 172 an 18 Sportaarten |
| Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1964 |
| Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1972 |
| Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/mexico-city-1968 |
|
| |
D'Olympesch Summerspiller 1968, offiziell Spiller vun der XIX. Olympiad, goufe vum 12. bis de 27. Oktober 1968 zu Mexiko-Stad a Mexiko organiséiert.
- Op de Summerspiller 1968 waren déi zwéin däitsch Staaten (BRD an DDR) fir d'éischt mat getrennten Ekippe vertrueden.
- Nodeems 40 afrikanesch Staate gedreet haten, d'Spiller ze boykottéieren, goufe Südafrika a Rhodesien (haut Simbabwe) vun de Spiller ausgeschloss.
- 1968 goufe fir d'éischt Dopingtester gemaaach.
- De Judo war net méi um olympesche Programm derbäi.
- Bei Studentenonroue géint d'Olympesch Spiller zéng Deeg virun der Ouverture, si beim Massaker vun Tlatelolco tëscht 200 an 300 Studenten ëmkomm.
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hunn 112 Natioune mat am Ganze 5.516 Olympioniken (781 Fraen a 4.735 Männer) bei 172 Kompetitiounen a 18 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg war zu Mexiko-Stadt mat 5 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 12. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participantë pro Sportaart
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Olympesch Summerspiller 1968 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1968 op:
