Op den Inhalt sprangen

Arlette Wilmes

Vu Wikipedia
Arlette Wilmes
Gebuer 20. Mee 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Gréisst 170 cm
Gewiicht 57 kg
Veräin/Ekipp Swimming Luxembourg
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1968

D'Arlette Wilmes, gebuer den 20. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.[1]

Si huet 1963 mam Schwammen ugefaangen a koum bei de Swimming Lëtzebuerg. Nodeems d'Simone Theis hir Karriär op en Enn bruecht hat, huet d'Arlette Wilmes der Theis hir Positioun iwwerholl an war Mëtt vun den 1960er Joren déi bescht Lëtzebuerger Schwëmmerin.

Der Arlette Wilmes hir Spezialitéit war Brasse iwwer 100 m an 200 m. Si huet tëscht 1965 an 1969 an aacht Disziplinnen national Rekorder verbessert:

  • Nage libre iwwer 400 m, 800 m a 1.500 m
  • Brasse iwwer 100 m an 200 m
  • Papillon iwwer 100 m
  • Réck iwwer 200 m a 400 m.

D'Arlette Wilmes huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1968 zu Mexiko vertrueden[2]:

  • am 100 m Brasse koum si ënner 33 Konkurrentinnen aus 20 Natiounen an 1'24''4 op d'Plaz 27;
  • am 200 m Brasse ënner 31 Konkurrentinnen aus 20 Natiounen an 3'06''7 och op d'Plaz 27.
  • Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 98-99. ISBN 978-2-9599734-5-1

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Arlette Wilmes op der Websäit vu sports-reference.com
  2. D'Arlette wilmes op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'