Olympesch Summerspiller 1900
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Spiller vun der II. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Land | Frankräich |
Stad | Paräis |
Ufanksdatum | 14. Mee 1900 |
Schlussdatum | 28. Oktober 1900 |
Kompetitiounen | 89 an 19 Sportaarten |
Ekippen | 24 |
Athleeten | 997 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1896 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1904 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/paris-1900 |
D'Olympesch Summerspiller 1900, offiziell Spiller vun der II. Olympiad, goufe vum 14. Mee bis den 28. Oktober 1900 zu Paräis a Frankräich organiséiert.
Et war déi éischt Editioun bei där Fraen an zwou Sportaarten (Golf an Tennis) matgemaach hunn.
Vill fir haut exotesch Kompetitiounen a Sportaarte wéi Cricket a Pelota stoungen um olympeschen a Ballonfueren grad ewéi de Jeu de Paume um net-olympesche Programm.
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hu 24 Natioune mat am Ganzen 997 Olympioniken (22 Fraen an 975 Männer) un 89 Kompetitiounen an 19 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Spiller vun 1900 waren déi éischt mat enger Lëtzebuerger Participatioun, och wann dat laang ëmstridde war. Beim Michel Theato, dee fir eng franséisch Ekipp gelaf ass an de Marathon gewonnen hat, gouf eréischt nodréiglech festgestallt datt hien déi lëtzebuergesch Nationalitéit hat. Virdru gouf ëmmer ugeholl, datt hie Fransous wier. Fir den IOK gëllt seng Medail bis haut nach ëmmer fir Frankräich[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Olympesch Summerspiller 1900 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en)Michel Theato. olympics.com. Gekuckt de(n) 09.03.2024.