Olympesch Summerspiller 1980

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Spiller vun der XXII. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Maskottchen Mischa
Land Sowjetunioun
Stad Moskau
Ufanksdatum 19. Juli 1980
Schlussdatum 3. August 1980
opgemaach vum/vun der Leonid Iljitsch Brejnew
Olympeschen Eed Nikolai Andrianov, Alexander Medwed
Olympesch Fakel Sergei Below
Kompetitiounen 203 an 21 Sportaarten
Ekippen 80
Athleeten 5.179
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1976
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1984
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/moscow-1980

D'Olympesch Summerspiller 1980, offiziell Spiller vun der XXII. Olympiad, goufe vum 19. Juli bis den 3. August 1980 zu Moskau an der Sowjetunioun (haut: Russland) organiséiert.

Den Aleksandr Dityatin aus Russland huet bei all Kompetitioun am Turnen eng Medail gewonnen a gouf domat den éischten Athleet, dee bei Olympesche Spiller aacht Medaile gewonnen huet.

42 Staaten hunn d'Spiller wéinst dem Amarsch vu sowjeteschen Truppen an Afghanistan am Dezember 1979 boykottéiert, e Boykott deen als en Deel vun engem Pak vun Aktioune vum US-President Jimmy Carter initiéiert gi war.

Aner 24 Staaten hunn aus finanziellen oder sportleche Grënn op eng Participatioun verzicht oder d'Invitatioun net ugeholl.

Participanten[änneren | Quelltext änneren]

Et hu just 80 Natiounen un de Spiller deelgeholl, déi niddregst Zuel zënter 1956. Am Ganzen hu 5.179 Olympioniken (1.115 Fraen a 4.064 Männer) bei 203 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.

Wéinst dem Boykott ware fir déi éischt olympesch Damme-Kompetitiounen am Feldhockey just Participanten aus der Sowjetunioun ugemellt; Holland, Däitschland, England, Neiséiland an d'USA haten ofgesot. Quasi a leschter Minutt huet ë. a. Simbabwe d'Invitatioun nach ugeholl a Spillerinnen op Moskau geschéckt. Iwwerraschenderweis huet d'simbabwesch Ekipp d'Goldmedail gewonnen.

Am Rudderen (Zweeër ouni Steiermann) gouf d'Gold- wéi och d'Sëlwermedail vun enger Koppel eeneeëgen Zwillinge gewonnen: de Bernd an de Jorg Landvoigt aus Ostdäitschland koumen op déi éischt, de Yuri an den Nikolai Pimenov aus Russland op déi zweet Plaz.

Participatioun vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg war zu Moskau mat 3 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 15. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Participante pro Sportaart[änneren | Quelltext änneren]

Bouschéissen[änneren | Quelltext änneren]
Liichtathleetik[änneren | Quelltext änneren]
Schéissen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympesch Summerspiller 1980 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]