Olympesch Summerspiller 1976
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Spiller vun der XXI. Olympiad | |
|---|---|
| Olympesch Summerspiller | |
|
| |
| Maskottchen | Amik |
| Land | Kanada |
| Stad | Montréal |
| Ufanksdatum | 17. Juli 1976 |
| Schlussdatum | 1. August 1976 |
| opgemaach vum/vun der | Elizabeth II. |
| Olympeschen Eed | Pierre Saint-Jean, Maurice Fauget |
| Olympesch Fakel | Stéphane Préfontaine |
| Kompetitiounen | 198 an 21 Sportaarten |
| Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1972 |
| Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1980 |
| Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/montreal-1976 |
|
| |
D'Olympesch Summerspiller 1976, offiziell Spiller vun der XXI. Olympiad, goufe vum 17. Juli bis den 1. August 1976 zu Montréal a Kanada organiséiert.
No chaotesche Virbereedungen zu Montréal goufen d'Spiller deels a provisoreschen Areenaen organiséiert. 30 Staaten aus Afrika, Asien a Südamerika waren net bei de Spiller derbäi; se hu géint d'Participatioun vun Neiséiland protestéiert, well déi neiséilännesch Rugbyekipp (All Blacks) eng Tournée duerch Südafrika gemaach hat, obwuel dat Land zënter e puer Joer wéinst senger Apartheid-Politik vum internationale Sport veruecht gouf. Dem Team aus Taiwan gouf d'Arees a Kanada refuséiert, wëll d'Gaaschtland just ee „China“, deemno d'Volleksrepublik China zougelooss hat.
De Miklos Németh aus Ungarn huet am Speerwerfe gewonnen a war domat den éischte Bouf vun engem Liichtathletik-Goldmedailgewënner, dee selwer Gold gewonnen huet.
Participanten
[änneren | Quelltext änneren]Et hunn 92 Natioune mat am Ganze 6.084 Olympioniken (1.260 Fraen a 4.824 Männer) bei 198 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg war zu Montréal mat 8 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 14. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participante pro Sportaart
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Olympesch Summerspiller 1976 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1976 op:
