Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller

Vu Wikipedia

Déi éischt Participatioun vu Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller war 1900 bei de Summerspiller zu Paräis[1] an 1928 bei de Wanterspiller zu Sant-Moritz.

Bei de Spiller 1904 zu Saint Louis an 1908 zu London war Lëtzebuerg net vertrueden. De Comité olympique et sportif luxembourgeois, dee fir d'Auswiel vun de Sportler zoustänneg ass, gouf eréischt 1912 gegrënnt.[2] Zanterhier huet Lëtzebuerg, mat Ausnam vun de Spiller 1932 zu Los Angeles, bei alle Summerspiller matgemaach. Lëtzebuerg huet d'Summerspiller 1980 zu Moskau net boykottéiert, huet awer och net ënner sengem Nationalfändel matgemaach, mä ënner dem olympesche Fändel.

Bei de Wanterspiller huet Lëtzebuerg bis elo nëmmen onreegelméisseg, mat relativ wéineg Sportler matgemaach.

Beim Michel Theato, deen 1900 bei de Spiller zu Paräis de Marathon gewonnen hat, gouf eréischt nodréiglech festgestallt datt hien déi lëtzebuergesch Nationalitéit hat. Virdru gouf ëmmer ugeholl datt hie Fransous wier. Fir den IOC gëllt seng Medail bis haut nach ëmmer fir Frankräich[3].

Fir eng Lëscht vun alle Lëtzebuerger, déi jee bei Olympesche Spiller matgemaach hunn, kuckt: Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken.

Nom Michel Theato 1900[1], war de Joseph Alzin 1920 den éischten offizielle Lëtzebuerger Medailegewënner am Gewiichthiewen. Hie krut am Schwéiergewiicht eng Sëlwermedail. 1952 huet de Josy Barthel zu Helsinki eng Goldmedail am 1500-Meterlaf gewonnen.

Bei de Wanterspiller 1992 zu Albertville krut de Marc Girardelli jee eng Sëlwermedail am Riseslalom an am Super-G.

Do dernieft huet de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby zweemol, 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam, allkéiers d'Goldmedail am olympesche Konschtconcours gewonnen.

Medailen op de Summerspiller

[änneren | Quelltext änneren]
Spiller Olympioniken Gold Sëlwer Bronze Total Plaz
1900: Paräis[1] 1 1 0 0 1
1912: Stockholm210000
1920: Antwerpen26010119.
1924: Paräis510000
1928: Amsterdam490000
1932: Los Angeles
1936: Berlin490000
1948: London470000
1952: Helsinki44100127.
1956: Melbourne110000
1960: Roum520000
1964: Tokyo120000
1968: Mexiko-Stad50000
1972: München110000
1976: Montréal80000
1980: Moskau30000
1984: Los Angeles50000
1988: Seoul80000
1992: Barcelona60000
1996: Atlanta60000
2000: Sydney40000
2004: Athen100000
2008: Peking120000
2012: London90000
2016: Rio de Janeiro100000
2020: Tokyo120000
2024: Paräis13
Total210298.

Medailen op de Wanterspiller

[änneren | Quelltext änneren]
Spiller Olympioniken Gold Sëlwer Bronze Total Plaz
1928: Sankt-Moritz50000
1932: Lake Placid
1936: Garmisch-Partenkirchen40000
1948–1984
1988: Calgary10000
1992: Albertville1020216.
1928: Lillehammer10000
1998: Nagano10000
2002: Salt Lake City
2006: Turin20000
2010: Vancouver
2014: Sotschi10000
2018: Landkrees Pyeongchang10000
Total020241.

Summerspiller

[änneren | Quelltext änneren]
Sport Gold Sëlwer Bronze Total
Marathon[1] 1 0 0 1
Liichtathleetik1001
Gewiichthiewen0101
Total2103

Wanterspiller

[änneren | Quelltext änneren]
Sport Gold Sëlwer Bronze Total
Alpin-Schi0202
Total0202

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 Kuckt d'Notiz iwwer de Michel Theato am 4. Abschnitt
  2. http://www.sports-reference.com/olympics/countries/LUX/
  3. (en) Michel Theato. olympics.com. Gekuckt den 09.03.2024.