Gewiichthiewen

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gewiichthiewen
Den DDR-Gewiichthiewer Peter Wenzel op der Weltmeeschterschaft am Mëttelgewiicht (1979)
Typ Kraaftsport, Eenzelsport
Olympesch Sportaart ♂ zënter 1896, ausser 1900, 1908, 1912
♀ zënter 2000
Federatioun
International International Weightlifting Federation
Lëtzebuerg Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg
Ursprong
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Laang Hantel, Hantel
Aktuelle Weltmeeschter ♂ kuckt: Weltmeeschterschaft (2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ idem


D'Yerika Ríos (2018) an der Disziplin Räissen
D'Patricia Bernhaupt (2018) an der Disziplin Stoussen

Gewiichthiewen oder Halterophilie ass eng Olympesch Sportaart, bei där d'Athleeten eng Hantel duerch Stäerkt, Kraaft an Technik an d'Luucht hiewe mussen. Am Géigesaz dozou gëtt dat einfacht Ophiewe vu Gewiichter haaptsächlech am Konditiounstraining oder der Gymnastik trainéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vum Gewiichthiewe geet bis an d'Antiquitéit zeréck a gouf souwuel vun den anticken Egypter wéi och vun de Griiche bedriwwen. Als internationale Sportaart huet et sech virun allem am 19. Joerhonnert entwéckelt. Et ass eng vun de wéinege Sportaarten, déi scho bei den éischten Olympesche Spiller vun der Neizäit am Joer 1896 zu Athen vertruede waren.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert waren Éisträich, Däitschland a Frankräich déi erfollegräichst Natiounen, an den 1950er Joren hunn awer d'Gewiichthiewer aus der Sowjetunioun zougeluecht a si bis an d'1990er Joren un der Spëtzt bliwwen, bis China, d'Tierkei, Griicheland an den Iran sech virgedréckt hunn. Bei den Dammen huet China vun Ufank un dominéiert.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Am Gewiichthiewe gëtt et zwou Disziplinnen:

Räissen[änneren | Quelltext änneren]

Beim Räissen ((fr) arraché) huelen d'Athleeten d'Laanghantel an hiewen s'an enger eenzeler Beweegung iwwer de Kapp.

Stoussen[änneren | Quelltext änneren]

Beim Stoussen ((fr) épaulé-jeté) muss den Athleet d'Laanghantel als éischt bis op d'Héicht vu senger Broscht ophiewen. Da muss hien eng Paus maachen, seng Äerm a Bee strecken an d'Hantel dann iwwer de Kapp hiewen an dobäi den Aarm gestreckt halen a waarde bis datt en akustescht Signal erkléngt.

E Gewiichthiewer huet jee dräi Versich an den zwou Disziplinnen. Déi bescht Leeschtung vun all Disziplin gëtt zesummegezielt an dee mat der héchster Punktzuel gewënnt.

Gewiichthiewen an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

Mat Ausnam vun de Joren 1900, 1908 an 1912 war d'Halterophilie bei de Männer ëmmer op den olympesche Spiller vertrueden; fir d'Fraen ass d'Sportaart eréischt zënter de Summerspiller 2000 zu Sydney olympesch.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Summerspiller 2024 zu Paräis sinn an all Gewiichtsklass maximal 12 Sportler zougelooss.

D'Gewiichtsklasse bei den Häre sinn: -61 kg, 73 kg, 89 kg, 102 kg, +102 kg; bei den Damme sinn et: -49 kg, 59 kg, 71 kg, 81 kg, +81 kg.

Gewiichthiewen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et 5 Clibb fir Gewiichthiewen déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gewiichthiewen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]