Michel Theato

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Michel Theato
Ziel Marathon 1900.jpg
Gebuer 22. Mäerz 1878
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1919
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Marathonleefer, Laangstreckeleefer
Wikidata-logo-without-paddings.svg
De Michel Theato kuerz nom Start vum Marathon als zweetleschten an der Rei.

De Michel-Johann Theato, wéi et op sengem Gebuertsschäin steet, gebuer den 22. Mäerz 1878 an der Stad Lëtzebuerg op der Nummer 8 vun der Louvignysgaass, a gestuerwen 1919 zu Paräis war e franséisch-lëtzebuergesche Liichtathlet.

Bei den Olympesche Spiller 1900 zu Paräis huet hien de Marathon des fortifs gewonnen. Hien huet déi Zäit a Frankräich gewunnt a sech a sengem Veräin vu Saint-Mandé ageschriwwen. Dowéinst ass hien an den Dokumenter vum Olympesche Comité als Fransous betruecht ginn.

Den Theato huet zu Paräis als Coursier fir eng Bäckerei geschafft. En huet de Marathon mat engem Chrono vun 2:59:45 h gewonnen, op engem ganz waarmen Dag. Seng Victoire gouf contestéiert: Verschidde Leefer hu behaapt, den Theato hätt gefuddelt an onerlaabt Ofkierzunge geholl, woubäi en op seng gutt berufflech Kenntnesser vun de Paräisser Stroossen hätt kënnen zréckgräifen.

An de Palmarèse gouf den Theato laang als Fransous gefouert. Eréischt um Enn vum 20. Joerhonnert koum eraus, datt hie Lëtzebuerger war, an domat deen éischte Lëtzebuerger Olympiagewënner. Dacks gëllt nach ëmmer de Josy Barthel als bis ewell eenzege Goldmedaile-Gewënner aus dem Grand-Duché.

Dräi Joer duerno ass dem Theato seng Sportlercarrière op en Enn gaangen, nodeem e gefall war, an en um Knéi huet missen operéiert ginn. De Michel Theato ass 1919 zu Paräis gestuerwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Theato – Biller, Videoen oder Audiodateien