Josy Barthel

Vu Wikipedia
Josy Barthel
Gebuer 24. Abrëll 1927
Mamer
Gestuerwen 7. Juli 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Harvard Universitéit, Stater Kolléisch
Aktivitéit Chimist, Mëttelstreckeleefer, Liichtathleet, Politiker
Gréisst 173 Zentimeter
Gewiicht 68 kg
Partei Demokratesch Partei
De Josy Barthel op der Nummer 1.

De Josy Barthel, gebuer de 24. Abrëll 1927 zu Mamer, gestuerwen de 7. Juli 1992 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Liichtathleet, Cheemiker a Politiker.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Josy Barthel ass a Chruetgësch an der Kuesgässel zu Mamer als Jong vum Eisebunner Nicolas Barthel a senger Fra, der Anna Urbing op d'Welt komm.

Hien ass an engem modeste Milieu opgewuess a seng Talenter als Leefer goufe wärend dem Zweete Weltkrich entdeckt.

Déi bedeitendst Victoire, déi de Josy Barthel am Laf vu senger sportlecher Karriär feiere konnt, war d'Goldmedail bei den Olympesche Spiller zu Helsinki a Finnland, de 26. Juli 1952 am 1500 Meter-Laf an 3'45"20 virun dem Amerikaner Bob McMillen an dem Däitsche Werner Lueg (cf. Biller 2 an 3). Deen zweeten a bis ewell leschte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner krut seng Medail vum deemolegen Ierfgroussherzog Jean iwwerreecht.

Seng lescht 1500 m Course ass hien den 29. November 1956 op den olympesche Spiller vu Melbourne gelaf.

An der Halesaison 1953/1954 war hien de weltbeschte Meileleefer. Eleng an den USA hat hie sechs Meileleef hannerenee gewonnen.

De Josy Barthel war President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme vun 1962 bis 1972 a President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois vun 1972 bis 1977.

Berufflech huet hien 1951 ugefaangen, als Diplomcheemiker am Staatslaboratoire ze schaffen, an no senger Victoire zu Helsinki huet hien op der Harvard Universitéit dat deemools nach neit Fach Ëmweltschutz studéiert.

Am September 1977 gouf hie Minister an der Regierung Thorn-Berg, a blouf dat och an de Regierunge Werner-Thorn a Werner-Flesch vun 1979 bis 1984. Duerno war hie weiderhi fir d'DP Deputéierten an der Chamber, an och Member vum Stater Gemengerot. An der Period 1983-1984 war hie President vum Benelux-Parlament.

De Josy Barthel huet sech den 2. Oktober 1952 mat der Fernande Senninger vu Bartreng bestuet, an d'Koppel krut zwee Meedercher, d'Lilibeth (*1955) an d'Danielle (*1956).

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Nom Josy Barthel genannt[änneren | Quelltext änneren]

En Timber fir de Josy Barthel[änneren | Quelltext änneren]

Fir de 25. Doudesdag vum Josy Barthel huet d'Post de 7. Mäerz 2017[1] e Spezialtimber mat engem Nennwäert vun 0,70 Euro erausginn.[2]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Barthel, Josy, 1958. Recherches chimiques récentes sur nos eaux potables. pp. 23–33 in: Quelques aspects de l'hygiène de l'eau potable au Grand-Duché de Luxembourg / Ministère de la santé publique. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, 1961. La pollution des cours d'eau du Grand-Duché de Luxembourg: situation actuelle et perspectives d'avenir. Luxembourg. 19 f.
  • Barthel, Josy, 1964. Considérations sur l'économie de l'eau au Grand-Duché de Luxembourg. Mensuel du Centre belge d'étude et de documentation des eaux n° 248-249.
  • Barthel, Josy, 1954. Gesundes Wasser, gesundes Leben. Luxembourg: Croix rouge luxembourgeoise, impr. Bourg-Bourger, 1964. 16 p.
  • Barthel, Josy, 1966. La politique actuelle de l'eau au Grand-Duché de Luxembourg. Techniques et sciences municipales 61, n° 1: 143-153. Paris.
  • Barthel, Josy, 1967. Betrachtungen zur Trinkwasserversorgung unseres Landes. Luxemburger Marienkalender Jg. 86: 83-93.
  • Barthel, Josy, 1969. La qualité chimique des eaux provenant des nappes captives du grès de Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 70 (1965), [1969.], pp. 83–89. PDF (264 kB)
  • Barthel, Josy, 1972. Les différents aspects du lac de barrage en relation avec le traitement des eaux. pp. 113–137 in: L'alimentation en eau potable du Grand-Duché de Luxembourg / Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, 1972. Il y 20 ans: Comment j'ai couru et gagné une finale olympique. Flambeau: organe officiel du comité olympique et sportif luxembourgeois N° 32(février 1989): 30-33. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, 1976. L'approvisionnement en eau potable au Grand-Duché de Luxembourg vu sous l'angle de la corrosion. aspects pratiques. Revue technique luxembourgeoise Année 68, n° 2: 65-69. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, 1978. Rationalisierung der Entscheidungsprozesse im Umweltschutz mit Hilfe von Simulationsmodellen: Festvortrag. pp. 25–35 in: Rheinlandpreis für Umweltschutz 1978. Köln: Verlag TÜV Rheinland GmbH.
  • Barthel, Josy, 1979. Le Luxembourg touristique. pp. 21–22 in: 8e journée européenne des sociétés des mineurs et sidérurgistes à Rumelange. Pétange.
  • Barthel, Josy, 1979. Das mathematische Modell der Selbstreinigung als Instrument des Gewässerschutzes. Revue technique luxembourgeoise Année 71, n° 3: 66-68. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, 1982. Le défi de l'environnement. Revue technique luxembourgeoise Année 74, n° 2: 47-54. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, 1988. Écologie sans frontières. pp. 85–89 in: Union européenne An 2000 / Mouvement européen. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, & François Schroeder, 1972. Les entreprises face aux problèmes de l'environnement. Luxembourg.
  • Barthel, Josy, J. Bintz, G. Hansen, L. Raths, E. Reiter, J. P. Wagener, J. Wagner, P. Weber, 1976. L'approvisionnement en eau potable du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg.
  • Krombach, Henri, Joseph Barthel & Andrée Molitor, 1954. Étude sur la pollution de l'Alzette. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques T. XXI. N. S.: 115-144. Luxembourg: Impr. Buck.
  • McDonald DP, Barthel J & Lunney RH, 1964. High speed sewage treatment: an accelerated activated sludge process is being used in the Grand Duchy of Luxembourg in an attempt to clean up the country's national river, the Alzette, and to solve a critical water shortage problem. Chemical processing Vol. 10, n° 11: 4-7. London.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2002. Josy Barthel: plaquette commémorative de sa victoire olympique: 1952 - 2002. Luxembourg: Comité olympique et sportif luxembourgeois: Fédération luxembourgeoise d'athlétisme: CAL-Spora Luxembourg. 1 vol. (non paginé)
  • Josy Barthel wieder daheim. Exclusive Reportage der Revue Revue Nr 32 vum 8. August 1952 Säite 14-18 mat 22 Fotoen
  • Thiel, Lucien, 1977. Die Karriere des Josy Barthel. Revue 32, Nr. 39: 26-30. Luxembourg.
  • Zangerlé, Gast, 1992. Josy Barthel: la fameuse histoire d'une consécration olympique. 128 p. Luxembourg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-135-1.
  • Zangerlé, Gaston, 1992. Josy Barthel: der spannende Weg zum olympischen Gold. 128 S. Luxemburg: Éd. de l'Imprimerie Saint-Paul. ISBN 2-87963-159-9. [ins Deutsche übersetzt von Liliane Schoentgen]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. Jour d'émission Josy Barthel 1927-1992. Post Philately.
  2. Timbre spécial: Les 25 ans du décès de Josy Barthel. Post Philately.
    Neuheiten in der Philatelie aus Luxemburg. Luxemburger Wort 2017-02-17, S. 62.
    Eine Briefmarke für Josy Barthel: Ehrung zum 25. Todestag. Tageblatt 2017-03-16, S. 35.
  3. D'Monument ass d'Wierk vum lëtzebuergesche Sculpteur Wil Lofy.