Nicolas Frantz

Vu Wikipedia
Nicolas Frantz
Gebuer 4. November 1899
Mamer
Gestuerwen 8. November 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler, Cyclocrossfuerer
Nicolas-Frantz-Plackett am Park vun der Stad Lëtzebuerg
Dem Nicolas Frantz säin Haus op der Areler Strooss zu Mamer (Oktober 2011.)
Plack um Haus vum Nic. Frantz zu Mamer.

Den Nicolas (Nic.) Frantz, gebuer de 4. November 1899 zu Mamer a gestuerwen den 8. November 1985 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Hien ass zu Mamer a Wiewesch als Jong vum Bauer Mathias Frantz an deem senger Fra Anna Urbing op d'Welt komm. Schonn 1924 an 1926 ass hie beim Tour de France als Zweeten op de Podium geklommen. 1927 an 1928 gewënnt hien den Tour de France. 1928 ass him kuerz virum Zil d'Rumm vum Vëlo futti gefuer. Kuerzerhand ass hien dunn op en Dammevëlo vun enger Zuschauerin ëmgeklommen an ass ëmmer nach als éischten an d'Zil gefuer. Duerch den Accident hat hien allerdéngs 28 Minutte vu sengem Virspronk verluer. Hien ass och bis haut ee vun de wéinege Sportler déi vun der éischter bis zur leschter Etapp de Gielen Trikot unhaten, an zwar um Tour vun 1928.

Am Ganze stoung den Nic. Frantz 51-mol um Etappe-Podium vun der Grande boucle, 20-mol als éischten, 18-mol als zweeten an 13-mol als Drëtten. Op der éiweger Lëscht vun den Etappegewënnner am Tour steet hien domat op der 5. Plaz, nom André Darrigade a virum François Faber.

Den Nic. Frantz war sportleche Leeder vun de lëtzebuergeschen a lëtzebuergesche mixte Ekippen am Tour de France vun 1949 bis 1957. Säi Successeur bei der Ne -Lux Ekipp 1958 an 1959 war de Jean Goldschmit.

Nom Nicolas Frantz genannt[änneren | Quelltext änneren]

Monumenter a Placketten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: eng Plackett am Park vun der Stad Lëtzebuerg;
  • 2002: eng Statu aus Bronze, déi déi zwee bekanntste Sportler vu Mamer zesummen duerstellt, den Nicolas Frantz an de Josy Barthel, gouf am Mamer Schlass opgeriicht; Ulass war den Depart vum Tour de France am Joer 2002;
  • 2004: eng Plackett bei der Sportshal vum Lycée Josy-Barthel Mamer
  • 2009: jeeweils eng Plackett op sengem Wunnhaus zu Mamer, an der neier Sportshal "Centre sportif Kinneksbond" zu Mamer, an der Receptioun vum Institut national des sports an der Stad Lëtzebuerg,

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

De 27. September 2010 huet d'Lëtzebuerger Post eng Serie vun dräi Timbere mat lëtzebuergesche Perséinlechkeeten erausginn, dorënner ee vun 1,00 Euro mat engem Portrait vum Nicolas Frantz[1].

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1920[änneren | Quelltext änneren]

1921[änneren | Quelltext änneren]

1922[änneren | Quelltext änneren]

1923[änneren | Quelltext änneren]

1924[änneren | Quelltext änneren]

1925[änneren | Quelltext änneren]

1926[änneren | Quelltext änneren]

1927[änneren | Quelltext änneren]

1928[änneren | Quelltext änneren]

1929[änneren | Quelltext änneren]

1930[änneren | Quelltext änneren]

1931[änneren | Quelltext änneren]

1932[änneren | Quelltext änneren]

1933[änneren | Quelltext änneren]

1934[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bressler, Henri, Pierre Gricius, Georges Klepper, Fernand Thill & Pilo Fonck, 2007. NICOLAS FRANTZ - Quand nos grands-pères parlaient du Tour de Frantz. 158 p. Éditions Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 13: 978-2-87963-677-1.
  • Elcheroth, Raymond, 1985. Nic. Frantz: er war der grösste. Télécran Jg. 7, Nr. 46: 26-27. Luxembourg.
  • Steinberg, Félix, 1986. Als der Tour de France zum Tour de Frantz wurde: eine sportliche Reminiszenz. Lëtzebuerger Almanach ’87: 498-503. G. Binsfeld, Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolas Frantz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Timber mat dem Nicolas Frantz op der Websäit vu P&TLuxembourg