Dunkerque

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dunkerque
center}}}
D'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent, de Memorial vun der Operatioun Dynamo,d'Statu vum Jean Bart, de Containerquai am Mierhafen, d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010an d'Plage vu Malo-les-Bains.
D'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun der Operatioun Dynamo,
d'Statu vum Jean Bart,
de Containerquai am Mierhafen,
d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vu Malo-les-Bains.
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Blason Nord-Pas-De-Calais.svg Nord
Arrondissement Dunkerque
Kanton Dunkerque-1
Dunkerque-2
Grande-Synthe
Postcode 59140, 59240,
59430, 59640, 59279

Communauté urbaine de Dunkerque Grand Littoral

Gemengecode 59183
Koordinaten 51° 02’ 18’’ N
     02° 22’ 39’’ O
Fläch  4 389 ha
Bevëlkerung  89.882 (1. Januar 2013)

Dunkerque ass eng franséisch Stad a Gemeng, Sous-préfecture vum Departement Nord. Mat 89.882 Awunner (1. Januar 2013) ass Dunkerque déi fënneftgréisst Stad an der Regioun Hauts-de-France. Se läit am Zentrum vun der Communauté urbaine de Dunkerque Grand Littoral, an där 17 Gemengen zesummegeschloss sinn, a woura ronn 200.000 Leit liewen. Dunkerque ass ausserdeem déi nërdlechst Stad a Frankräich, just 10 km vun der belscher Grenz ewech

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun Dunkerque ass enk mam Nordmier verbonnen. Et gouf virun iwwer dausend Joer als Fëscherduerf, op enger Sandbänk, gegrënnt. Nodeems eng Kapell do opgeriicht gouf, krut et säin hollänneschen Numm: Duinkerk- "Düne-Kierch". Während senger Geschicht huet Dunkerque zu der Grofschaft Flandern, dem Kinnekräich Spuenien, dem engleschen a franséische Kinnekräich gehéiert. De 25. Juni 1658 huet d'Stad dräimol hir Nationalitéit gewiesselt. Nodeems de 27. Oktober 1662 de Louis XIV. et vum englesche Kinnek Charles II. ofkaaft hat, gouf Dunkerque definitiv franséisch. De Vauban huet et dann och huerteg zu enger imposanter Festungsstad ausgebaut. Zu där Zäit huet och de bekannte Korsar Jean Bart do gelieft. Während der Franséischer Revolutioun krut d'Stad den Numm Dune libre. Am Eischte Weltkrich gouf Dunkerque a säin Hafen uerg vun däitscher Säit bombardéiert. Am Ufank vum Zweete Weltkrich, koum et do zu der Operatioun Dynamo an der Belagerung vun Dunkerque.

De Carnaval de Dunkerque ass iwwer d'Stad eraus bekannt, en zitt sech bal 2 Méint laang duerch d'Fueszäit.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Schëfffaart[änneren | Quelltext änneren]

De Mierhafen (Grand port maritime de Dunkerque) ass deen drëttgréisste vu Frankräich an och dee gréissten Employeur. Eng jett Industrien hu sech do néiergelooss, wéi Arcelor Mittal, Air liquide, Europipe oder petrochemesch Installatiounen.

Iwwer den Hafe vu Dunkerque huet d'Banneschëffaart Uschloss un de franséischen a belsche Kanalsytem. Net manner wéi fënnef Schëffskanäl hunn oder haten do am Laf vun der Zäit, hiren Ufank. Dat sinn:

Stoossen- an Eisebunnsréseauen an der Géigend

Autosverkéier[änneren | Quelltext änneren]

Dunkerque läit no bei zwou Autobunnen, der A25 vu Bergues op Lille, an der A16/E40 vu L'Isle-Adam op d'belsch Grenz. Et läit och um Trajet vun der fréierer N1 (haut: D601 am Departement Nord), der N225 (déi d'A16 mat der A25 verbënnt) an der ex-N353 (zënter 2005: D625).

Eisebunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare vun Dunkerque huet eng direkt TGV-Verbindung mat der Gare Paris-Nord. Mat der TERGV kënnt een op d' Gare Lille-Europe, déi ë. a. en Eurostar-Uschloss fir op London oder Bréissel huet, an TGV-Verbindungen op Bordeaux, Lyon oder Marseille. 20-mol den Dag huet een och eng Verbindung mat der Gare Lille-Flandres. Weider Verbindunge ginn et mat Calais an Arras (via Hazebrouck).

D'Gare vun Dunkerque ass, mat engem Traffic vu ronn 12 Milliounen Tonnen d'Joer, déi gréisst Marchanisë-Gare vu Frankräich.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Tour du Leughenaer, (Tuerm vum Ligener) aus dem 15. Joerhonnert.
  • D'Kapell Notre-Dame-des-Dunes aus dem 15. Jh.
  • D' Kierch Saint-Éloi aus dem 16. Joerhonnert, mat enger neigotescher Fassad aus dem 19. Joerhonnert.
  • De Beffroi Saint Eloi aus dem 13. - 15. Jh. Uewendrop ass e Carillon mat 50 Klacken.
  • D'Porte de la Marine, eng Paart vun der Vaubansfestung.
  • Den Hafemusée am Bassin du Commerce
  • De Mémorial du Souvenir iwwer d'Schluecht vun Dunkerque an d'Operatioun Dynamo.
  • e puer Konschtmuséeën
  • dräi Scherzer-Rullklappbrécken am Hafen, wovun déi vun der Schleis Charles de Gaule fir den Ament (2016) ofgeriicht ass an nieft dem Schleisebaseng steet fir renovéiert ze ginn.
  • de Liichtuerm vun Dunkerque och Phare vum Risban genannt, ee vun den héchsten a Frankräich.
  • d'Appartementshaiser um Quai de la Cunette.
360°-Panorama vun Dunkerque.

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dunkerque – Biller, Videoen oder Audiodateien