Sébastien Le Prestre de Vauban

Vu Wikipedia
Sébastien Le Prestre de Vauban
Gebuer Mee 1633
Saint-Léger-Vauban
Gestuerwen 30. Mäerz 1707
Paräis
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Architekt, Militäringenieur, Schrëftsteller
Member vun Académie des sciences

De Sébastien Le Prestre (oder och Prêtre) Seigneur, herno Marquis de Vauban gebuer de 15. Mee 1633 zu Saint-Léger-de-Foucherets (oder och Saint-Léger-s/-Foucher; haut Saint-Léger-Vauban, am Departement Yonne), a gestuerwen den 30. Mäerz 1707 zu Paräis, war e franséische Generol, Festungsingenieur vum Louis XIV. a Maréchal de France.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 17 Joer huet de Vauban sech heemlech an d'spuenesch Arméi am Regiment Condé gemellt. Déi huet deemools géint Frankräich gekämpft. De Condé huet geschwë seng mathematesch Talenter entdeckt an en zum Ingenieur ernannt. 1653 gouf e vun de Kinnekleche gefaangegeholl, déi och geschwë säi Wëssen ausgenotzt hunn.

Mat 22 Joer gouf en offiziell Ingénieur militaire responsable des fortifications. Hien huet d'Festunge vun en ettleche Stied ausbaue gelooss an huet selwer d'Belagerung vun enger Rëtsch dirigéiert, dorënner déi vu Gravelines, Ypern an Oudenaarde, Dunkerque, Lille, Ath a Charleroi. 1667 huet en am Krich géint Holland nach méi Festungen ageholl. 1668 huet en d'Festunge vun Tournai, Douai a Courtrai ausgebaut a sou eng Festungsceinture op der nërdlecher Grenz vu Frankräich geschaf. 1669 gouf de Vauban zum Generalinspekter vu sämtleche franséische Festungen ernannt. De Louis XIV. war sou begeeschtert iwwer d'Victoire vu Maastricht, datt en de Vauban 1678 zum Commissaire des fortifications ernannt huet an him eng zolidd Dotatioun zougesprach huet, déi et him erméiglecht huet, sech d'Schlass vu Bazoches-du-Morvan ze kafen (1675).

Nom Fridde vun Nijmegen, 1678, huet de Vauban sech virun allem mat der franséischer Westgrenz ofginn. 1684 huet en d'Festung Lëtzebuerg ageholl. Vu 1684 bis 1688 huet e se dunn zum Gibraltar vum Norden ausgebaut. Deemools gouf et de Sproch, datt eng vum Vauban belagert Festung eng eruewert Festung wier; eng vum Vauban gebaute Festung awer net anzehuele wier.

1699 gouf de Vauban Éieremember vun der Académie des Sciences. 1703 gouf e vum Kinnek zum Maréchal de France ernannt. Mä geschwënn duerno war et eriwwer mat der kinneklecher Gonscht: De Vauban, dee sech och fir d'Reform vum Steierrecht intresséiert huet, huet 1707 e Wierk mam Titel La dîme royale publizéiert, wouran e proposéiert huet, all Steieren ofzeschafen an duerch eng allgemeng Steier vun 10 % z'ersetzen (déi och vun de privilegiéierte Stänn ze bezuele wier). Des Propose war kloer ze vill modern fir déi deemoleg Zäit, an de Vauban ass an d'Pensioun geschéckt ginn.

De Vauban ass 1707 zu Paräis un enger Longenentzündung gestuerwen. Säi Kierper gouf an der Kierch vu Bazoches am Departement Nièvre begruewen, säin Häerz gëtt zanter 1808 am Hôtel des Invalides zu Paräis versuergt.

Literarescht a wëssenschaftlecht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Vum Vauban si just Manuskripter erhalen, vun deenen eng Partie ënner dem Titel Oisivetés de M. de V. a 4 Bänn 18431846 erausgi goufen. De Vauban huet sech och fir Demographie a wirtschaftlech Prognosen intresséiert. Hien huet Formeläre vu Vollekszielungen ausgeschafft an e Wierk geschriwwe mam Titel La cochonnerie ou calcul estimatif pour connaître jusqu'où peut aller la production d'une truie pendant dix années de temps.

Nodréiglech publizéiert Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Traité de l'attaque et défense des places (1737, 2 vol.; nei Edit. 1829)
  • Traité des mines (1737)
  • Traité des sièges (1747, neue Ausg. 1829)
  • Oeuvres militaires (erausg. vum Foifsac, 1793, 3 vol.)
  • Mémoires militaires (erausg. vum Fave, 1847)
  • Mémoires inédits du maréchal V. sur Landau, Luxembourg, etc. (erausg. vum Augoyat, 1841)

Seng Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

De Vauban huet eng 160 Festunge bauen, respektiv ëmbaue gelooss. Dorënner waren déi vun dësen Uertschaften:

Maquetten[änneren | Quelltext änneren]

28 Maquettë vun deene Festungen, un deenen de Vauban geschafft huet, ginn zu Paräis am Hôtel des Invalides versuergt. 16 Stéck ginn zu Lille am Palais des Beaux-arts versuergt, an anerer am Zeughaus zu Berlin. D'Maquette vun der Stad Lëtzebuerg ass am Keller vum Cercle-Gebai op der Plëss d'Arem ze gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vaubans kulturelle Hinterlassenschaft in Luxemburg: [historischer Reiseführer]: (ein kulturhistorischer Rundgang des Europarats durch Zeit und Raum) / (Text und Ausführung: Cyrille Savin ; Service des sites et monuments nationaux). - Luxembourg: Ed. Saint-Paul, cop. 2005. - 103 p.: ill., cartes ; 21 cm, Bibliogr. ISBN 2-87963-535-7
  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 149

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vauban – Biller, Videoen oder Audiodateien