EuroCity 90/91 Vauban

Vu Wikipedia
Den EuroCity 91 um Krop vun der 426150 um Depart zu Metz.

Den Eurocity 90/91 Vauban war en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Chur an der Schwäiz verbonnen huet. E war nom Vauban benannt.

Bis 2007 ass en ënner dem Qualitéitslabel EuroCity gelaf.

Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

A Richtung Süden hat den Zuch d'Lafnummer 91 an war tëscht Bréissel an der Stad Lëtzebuerg am de Fuerplang vum InterCity J intégreiert.

A Richtung Norden hat den Zuch d'Lafnummer 90.

Material[änneren | Quelltext änneren]

Den Zuch huet aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture bestanen. Tëscht Bréissel a Lëtzebuerg gouf den Zuch mat zwou I10'er Voiturë verstäerkt.

D'Traktioun gouf tëscht Bréissel a Lëtzebuerg vun de belschen 20'er assuréiert. Um franséischen Deel vun der Streck ware 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz goufen Re 420'er an Re 460'er agesat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den EC Vauban war aus dem TEE Vauban entstanen, dee fréier Amsterdam mat Mailand verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Wéi den EC Vauban geschaf ginn ass, waren d'NS net bereet sech ze bedeelegen, wat derzou gefouert huet datt de Vauban nëmmen nach bis op Bréissel gefuer ass.

Bis 2004 ass de Vauban tëscht Bréissel a Mailand gefuer; gouf dunn awer op Brig limitéiert well déi agesaten I11 Voiturë keng Zouloossung fir Italien haten. 2008 gouf en dunn op Chur ëmgeleet, well eng direkt Verbindung op Zürich gefrot war.

De Status als EuroCity war nëmmen nach um belschen Deelstéck am Gebrauch. A Frankräich an zu Lëtzebuerg war en als Express klasséiert, an der Schwäiz als InterRegio. Besonnesch d'Feele vun enger Restaurantsvoiture huet de Vauban säi Status kascht.

Garen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]