Gare Bréissel-Midi
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Gare Bruxelles-Midi)
D'Gare Bruxelles-Midi (op Hollännesch Brussel Zuid) ass déi gréisst Gare fir Persounenzich zu Bréissel an an der Belsch. Si läit um Territoire vun der Gemeng Saint-Gilles.
Si gouf 1869 a Betrib geholl a war deemools eng Kappgare mä wéi d'Verbindung Nord-Midi opgemaach ginn ass gouf se als Duerchgangsgare ëmgebaut.
Hir Plaz am Netz
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare läit zu Bréissel tëscht der Verbindung Nord-Midi (Linn 0) an der Verbindung vun de Linne 50A, 96 an 124 am Süden.
Uschlëss
[änneren | Quelltext änneren]- National:
- International:
- D'Gare Bréissel-Midi gëtt vu villen internationalen Héichvitesszich ugefuer:
- Thalys a Richtung Gare du Nord vu Paräis a vun deene grousse Stied an der Belsch, Holland a Köln an Däitschland.
- Eurostar op Lille, Ashford a London (St Pancras Station),
- ICE op Léck, Oochen, Köln a Frankfurt
- TGV a Richtung Süde vu Frankräich via Roissy an Euro Disney.
- D'Gare Bréissel-Midi gëtt vu villen internationalen Héichvitesszich ugefuer:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Bréissel-Midi – Biller, Videoen oder Audiodateien |