Saint-Gilles / Sint-Gillis

Vu Wikipedia
Saint-Gilles an der Regioun Bréissel

Saint-Gilles (franséisch); Sint-Gillis (hollännesch) ass eng vun den 19 Gemengen an der Haaptstadregioun Bréissel.

Am Abrëll 2006 hunn do 46.519 Awunner gelieft. Saint-Gilles huet eng Fläch vun 2,51 km², a sou 18.533 Awunner/km². Et läit südlech vun der Stad Bréissel. Hei steet d'Gare du Midi, Endstatioun vum TGV, Eurostar a vum Thalys. Soss ronderëm grenzt et u Forest, Ixelles an Anderlecht.

D'Gemengenhaus

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Saint Gilles, baussent de Stadmauere vu Bréissel geleeën, war bis an d'19. Joerhonnert de Geméissgaart vu Bréissel. Nodeem d'Festungsmauere vu Bréissel ofgedroe gi waren, huet sech Saint-Gilles schëtzeg entwéckelt. Et zeechent sech duerch eng räich Architektur vun der Joerhonnertwenn vum 19. zum 20. Joerhonnert aus, ë. a. duerch eng aussergewéinlech héich Zuel vun Haiser am Jugendstil.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Gilles (Brussels) – Biller, Videoen oder Audiodateien