Watermael-Boitsfort / Watermaal-Bosvoorde
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Watermael-Boitsfort Watermaal-Bosvoorde | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Haaptstadregioun Bréissel |
Communautéit |
Franséisch Communautéit Flämesch Communautéit |
Provënz | |
Arrondissement | Bruxelles-Capitale |
Awunner | 25.332 (1. Januar 2020) |
Fläch | 1 273 |
Koordinaten |
50° 48’ 00’’ N 04° 24’ 00’’ O |
Telefonszon | 02 |
Postcode | 1170 |
Websäit | https://www.watermael-boitsfort.be |
Watermael-Boitsfort (fr.), respektiv Watermaal-Bosvoorde (nl.), ass eng vun den 19 zweesproochege belsche Gemengen an der Haaptstadregioun Bréissel. Se läit um Bord vun der Forêt de Soignes / Zoniënwoud, engem grousse Bëschareal am Südoste vu Bréissel. Et ass, dem Akommes vu sengen Awunner no, déi räichst Gemeng an der Haaptstadregioun.
D'Gemeng setzt sech zesummen aus de fréieren Uertschafte Watermael a Boitsfort, a bis uganks vum 19. Joerhonnert huet och Auderghem dozougehéiert. Haut grenzt se un d'Bréisseler Gemengen Ixelles, Bréissel, Uccle an Auderghem, an an der Provënz Flämesche Brabant, un Hoeilaart, Overijse a Sint-Genesius-Rode
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Bekannt ass Watermael-Boitsfort fir seng zwou Cité-jardins, Le Floréal a Le Logis, Kolonien am englesche Cottage-Stil vum Urbanist Louis Van der Swaelmen, déi bis haut hire Charakter versuergt hunn, a schonn dacks als Filmset gebraucht goufen. Se gi vu Cooperativë geréiert a stinn haut ënner Denkmalschutz.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Watermael-Boitsfort – Biller, Videoen oder Audiodateien |