Thalys
Thalys ass e Markenzeechen dat op der enger Säit ee bestëmmten TGV bezeechent, an op där anerer Säit och de Service dee vun der Eisebunn a Verbindung mat deem TGV gemaach gëtt. Den Thalys verbënnt Paräis mat Bréissel iwwer eng LGV-Streck an en huet Antenne vu do aus op Amsterdam a Köln. Op deene Linne mécht den Thalys den Déngscht zesumme mat aneren Héichvitessrammen, wéi den Eurostar an den ICE.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]- D'Wuert Thalys ass e Konschtwuert dat 1996 geschaf ginn ass fir de Service ze bezeechenen. Et zeechent sech doduerch aus datt et sech an alle Sproochen déi am Operatiounsgebitt vum Thalys geschwat ginn, gutt ausschwätze léisst.
- Virum Asaz vum Thalys an der Belsch, Holland an Däitschland goufe grouss Sanéierungen, u Strecken déi bestanen hunn an deels Néibauten, zum Beispill d'Streck Léiwen-Ans, gemaach.
Déi verschidde Rammemodeller
[änneren | Quelltext änneren]Thalys PBA / Thalys PBKA | ||
---|---|---|
Modell | PBA | PBKA |
Nummeréierung | 4532-4540 | 4301-4307 (SNCB) 4321-4322 (DB) 4331-4332 (NS) 4341-4346 (SNCF) |
Stéckzuel | 9 | 17 |
Constructeur | Alstom | |
Achsefolleg | Bo'Bo' + 2'2'2'2'2'2'2'2'2 + Bo'Bo' | |
Baujoren | 1995 | 1996-1997 |
Ausmusterung | Nach a Betrib | |
Sëtzplazen | 377 (120 A + 257 B) | |
Déngschtmass: | 108,12 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer | 50.200 mm | |
Héicht ouni Pantograph |
4.300 mm | |
Déngschtmass | 386 Tonnen | |
Héchstvitesse | 300 km/h op LGV-Strecken |
300 km/h op 25kV LGV-Strecken 250 km/h op 15kV LGV-Strecken 220 km/h op klassesche Strecken |
Stroumsystemer: | 1,5kV GS 3kV GS 25kV 50 Hz WS |
1,5kV GS 3kV GS 15kV 16Hz WS 25kV 50 Hz WS |
Leeschtung: | 8800 kW (3880 kW mat GS) | |
Sécherheet | ETCS, TBL2, ATB, TVM KVB, PZB (PBKA) |
Den Thalys huet 27 Rammen, dovun 10 PBA a 17 PBKA.
Thalys Paräis-Bréissel-Amsterdam
[änneren | Quelltext änneren]D'Thalys PBA sinn d'Dräi-System Variant vum Thalys. Den Numm PBA steet fir Paräis-Bréissel-Amsterdam, wat Haaptstreck fir déi Zich ass.
D'Thalys PBA si speziell modifizéiert TGVen, mat engem spezielle Pantograph an dem Sécherheetssystem ATB, déi doduerch an Holland fuere kënnen. Mam Enn am Abrëll 2007 vun den Thalys-Verbindungen op Roissy bei den Disney Park, war eng vun de PBA-Rammen iwwerflësseg an ass zanterhier als TGV ënnerwee. Dat war d'Ramm 4531 déi lo als TGV Réseau ënner der Nummer 4551 leeft
Nieft der Verbindung Paräis-Bréissel-Amsterdam déi den Zich hiren Numm gëtt, lafen d'Thalys PBA och nach op de Verbindungen Ostende-Bréissel-Paräis a Léck-Namur-Charleroi-Paräis.
Thalys Paräis-Bréissel-Köln-Amsterdam
[änneren | Quelltext änneren]D'Thalys PBKA sinn d'Véier-System Variant vum Thalys. D'Modeller PBKA sinn technesch ekipéiert, fir a Frankräich, der Belsch, Holland an Däitschland kënnen ze fueren. Et fënnt een déi Zich virun allem op der Verbindung bis Köln, si hëllefen awer geleeëntlech och op den anere Verbindungen aus.
Wei all d'Automotricë vum TGV sinn d'PBA an d'PBKA koppelbar.
Strecken
[änneren | Quelltext änneren]- Paräis - Bréissel - Léck - Oochen - Köln
- bis 2009 iwwer d'Weserdallstreck, zanter dem 13. Dezember 2009 iwwer d'HSL 3 (3 Stonnen 50 Minutten).
- Amsterdam – Schiphol - Rotterdam – Antwerpen – Bréissel – Paräis(10 Koppelen Zich)
- säit dem 13. Dezember 2009 iwwer HSL 4 (3 Stonnen 18 Minutten).
- Bréissel – Disneyland Resort Paräis (fënnef Koppelen Zich, bis Mäerz 2007).
- Am Summer fiert eng zousätzlech Koppel Zich tëscht Amsterdam a Marseille, am Wanter tëscht Amsterdam a Bourg-Saint-Maurice.
Zwou Strecke goufen am Fréijoer 2015 zougemaach:
- Ostende – Bruges – Gent – Bréissel – Paräis (Eng Koppel Zich).
- Léck – Namur – Charleroi – Paräis (Eng Koppel Zich).
Modelleisebunnen
[änneren | Quelltext änneren]Vu Mehano a vu Märklin gëtt et den Thalys fir d'Spur HO a vun Hobbytrain fir d'Spur N.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Thalys – Biller, Videoen oder Audiodateien |