Op den Inhalt sprangen

Gare Trooz

Vu Wikipedia
Gare Trooz
Typ Gare
Status am Gebrauch
opgaang 18. Juli 1843
Lag vun der Statioun
Land Belsch
Gemeng Trooz
Uertschaft Trooz
Koordinaten 50°34'23,2"N, 5°41'17,9"O
Héicht i. M. 103 m
Reseau
Statiounscode FRZ
Bedreiwer SNCB
Streck(en) SNCB-Linn 37
Linn(en) S41
Gleiser mat Quai 2
 
Nopeschstatioun(en) Gare vu Chênée

D'Gare vun Trooz ((fr) Station de Trooz) ass eng Gare vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB op der Linn Linn 37.

Den Telegraphecode vun der Gare ass FRZ.

An der Gare vun Trooz halen d'Regionalzich 5257 - 5271, 5275 - 5291 an 8400. Interegionalzich sinn IR 5006, IR 5028 an IR 5016.

Well an der Gare vu Chaudfontaine keen Zuch méi hält, besteet vun Trooz aus e Busservice op déi Gare. Zich a Richtung Verviers sinn iwwer de Quai dee widder dem Statiounsgebai läit z'erreechen, fir Zich a Richtung Léck mussen d'Passagéier en Ëmwee ënner der Eisbunnsbréck vun der Nationale 61 maachen, déi tëscht der Gare an dem Tunnel vun Trooz läit.

Am Joer 2012 gouf d'Statiounsgebai dat an engem delabréierten Zoustand war komplett restauréiert.

De Regionalzuch R5263 an der Gare vun Trooz a Richtung Verviers. Vir am Bild eng Automotrice AM62 um Krop vun enger AM66 mat dem hellen Ustrach.