Infrabel-Linn 43
Ausgesinn
D'Infrabel-Linn 43 ass eng Eisebunnsstreck an der Belsch déi Angleur bei Léck mat Marloie bei Marche verbënnt. D'Streck ass 62 km laang a gouf an zou Etappe gebaut. Den éischten Deel vu Melreux op Marloie gouf de 25. Juli 1865 fäerdeg, an den zweete vun Angleur op Melreux den 18. Juni 1866.
Den Deel vun Angleur bis op Bomal mat 37,1 km ass zweegleiseg, duerno geet et op engem Gleis weider bis op Marloie.
Uschlëss un d'Streck sinn:
- Um Y zu Angleur d'Linn 37.
- An der Gare zu Rivage d'Streck Rivage-Gouvy.
- Zu Marloie d'Linn 162
- Zu Marche huet d'Kasär Camp Roi Albert en Uschloss vu ronn 2,3 km.
D'Linn ass zanter dem 23. Mee 1993 mat 3 kV elektrifizéiert.
Konschtbauten op der Streck sinn:
- Den Tunnel vun Esneux (613 m)
- Den Tunnel vu Comblain-au-Pont (393 m)
- Den Tunnel vu Sy (404 m)
- De Viaduc vun Hony
- D'Bréck vu Poulseur
- D'Bréck vu Chanxe
- D'Bréck vu Rivage
- D'Bréck vu Xhignesse
- D'Bréck vu Sy I
- D'Bréck vu Sy II
- D'Bréck vu Bomal
- D'Bréck vun Hotton