Gare Tilff

Vu Wikipedia
Gare Tilff
Land Belsch
Koordinaten 50°34'13,76"N, 5°35'0,82"O


D'Gare vun Tilff ass eng Gare op der belscher Eisebunnslinn 43.

Si läit um lénksen Uwänner vun der Ourthe laanscht de fréieren Ourthekanal deen do zougetippt ass, vun deem en awer den Tracé do gutt ka gesinn.

D'Gare ass eng sougenannt Gare fantôme, d. h. se huet kee Guichet méi. Den Telegraphecode ass MTF.

Et ass eng Gare déi gutt läit fir Randonneuren, sief et fir zu Fouss laanscht d'Ourthe, oder an de grousse Bëscher ronderëm ze trëppelen, well een all Kéier no e puer Kilometer erëm am Dall eng Gare fënnt, oder mam Vëlo iwwer de RAVel, oder d'Route buissonnière déi do laanschféiert. Kloterer hunn et net wäit fir op intressant Plazen ze kommen. A ville Fielsen an der Géigend ka geklotert ginn, z. B. den Trou des Nutons, de Poudingue de la Chawresse, d'Fielse vun Tilff mat der Grotte Saint-Anne, déi intressant fir Speleologen ass, an zu engem vun de längste Grottesystemer an der Belsch, dem System Chawresse-Véronika, gehéiert.

An der Gare hale Regionalzich, grad sou gutt wéi verschidden internationaler, an IC-Zich.

D'Gleiser an der Gare sinn zweegleiseg, an d'Nopeschgare sinn d'Gare vun Angleur an déi vu Méry an där awer net all Zuch hält.