Gare Rivage

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Vue an d'Gare an Direktioun Léck

D'Gare vu Rivage ass eng Gare op de belschen Eisebunnslinnen 43 (Léck-Jemelle) an 42 (Rivage-Gouvy).

Eng ronn 200 Meter no der Gare wann ee vu Léck kënnt deele sech d'Gleiser. Iwwer den Y féiert eng kleng Stroossebréck, an direkt duerno ass op der Streck fir op Gouvy de klengen Tunnel vu Rivage an a Richtung Hamoir d'Bréck iwwer d'Amblève.

Nopeschgare sinn an Direktioun Léck d'Gare vu Chanxe an där keng Zich mei halen an direkt duerno d'Gare vu Poulseur déi nach op ass. An Direktioun Gouvy ass déi éischt Gare déi vu Liotte, an an Direktioun Jemelle déi vu Comblain-au-Pont, déi allen zwou och keen Trafic méi hunn.