Eisebunnsstreck Chênée-Plombières

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SNCB-Linn 38)
D'Gare vun Herve 2007
D'Gare vu Froidthier

D'Eisebunnsstreck Chênée-Plombières war eng Streck vun der SNCB, bei där se Linn 38 geheescht huet. Déi Streck gouf tëscht 1872 an 1895 gebaut, a si war a Betrib bis 1957. D'ganz Streck war eegleiseg gebaut ginn, an 1914 krut den Deel tëscht Chênée a Micheroux en zweet Gleis.

E groussen Deel vun der Streck ass hautdesdaags als RAVeL ugeluecht. Dat huet mat sech bruecht datt déi meescht Brécken erhale blouwen. Den eenzegen Tunnel deen et op der Streck gouf, den Tunnel vun Hombourg och nach Tunnel de Laschet genannt, war 134 Meter laang. E gouf 1940 gesprengt a well net ze vill ze raume war, gouf en duerno ganz ofgedroen, sou dat haut do eng déif Tranchée ass. Bis op e puer Garen, déi ewechgerappt goufen, stinn déi meescht Garen a Gardshaisercher nach laanscht d'Streck a sinn och bewunnt.

An deene méi grousse Gare wéi zu Retinne, Herve, a Micheroux si Restauranten dran, anerer ginn als Veräinslokaler benotzt. Zu Fléron steet nach just e Marchandisegebai, am Depot vun engem Holzhändler. Do wou d'Haaptgebai stoung ass haut eng Parkplaz an e Busarrêt. An der Gare vu Beyne sinn d'Büroe vum Service de l'Urbanisme vun der Gemeng Beyne-Heusay.

Den Ausgankspunkt vun der Streck war d'Gare vu Chênée wou se Uschloss un d'Streck Léck-Verviers hat. Vun do aus huet se sech an e puer grousse Schleefen de Bierg eropgeplot fir iwwer Vaux-sous-Chèvremont, Bois-de-Breux, a Beyne-Heusay op d'Kopp vum Plateau de Herve ze kommen.

Déi éischt Gare op der Kopp war zu Fléron. Ronn ee Kilometer duerno huet eng Linn no lénks an Directioun Bellaire ofgespléckt, als Uschloss fir d'Kuelegrouf Lonette. Et schéngt es wéi wann déi Streck ni en Numero krut . Duerno ass d'Streck iwwer de Plateau weidergelaf op Retinne, Micheroux. Tëscht Micheroux a Melen um PK 16,8 ass no riets d'38B opgespléckt als Uschloss fir d'Kuelegrouwe Les Halles a Les Xhawirs zu José. Da goung et weider iwwer Herve bis op Battice. Laanscht de Fort de Battice ass et du weidergaange bis op d'Héicht vun der Croix Polinard virun Thimister wou d'Streck 38A Battice-Verviers ofgespléckt huet. No Thimister goung et iwwer Blockhouse, Froidthier, Aubel, Merkhof, Hombourg, Hindel-Haut bis op Plombières, wou se Uschloss un d'Linn 39 hat.

Am Éischte Weltkrich gouf 1917 nom Tunnel vu Laschet eng Liaisoun tëscht Hombourg a Montzen gebaut, d'Linn 38/1. Dat Stéck war 1,2 km laang, an huet eng Verbindung mat der deemools neigebauter Linn 24 gemaach.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

D'Numoratioun vun der Streck als Linn 38 koum wéi d'SNCB d'Strecke vum État belge iwwerholl huet. Vu do u gouf d'Streck Chênée-Plombières als Haaptstreck consideréiert. Virdrun housch se Ligne de Chênée à Verviers an den Deel vu Battice op Plombières war d'Niewestreck. Am Gebrauch war et deemno virdrun, datt d'Voyageuren déi aus Richtung Plombières koumen zu Battice hu missen den Zuch wiesselen, fir weider an Direktioun Léck ze fueren. Bei der SNCB krut dunn den Deel fir op Verviers Linnennummer 38A.

Garen an Halten op der Streck[änneren | Quelltext änneren]

(A Schifschrëft sinn Halten)