Gare vu Beyne

Vu Wikipedia
Gare vu Beyne
D'Gare vu Beyne (2014)
Land Belsch
Provënz Provënz Léck
Gemeng Beyne-Heusay
Uertschaft Beyne
Koordinaten 50°37'6"N, 5°39'24"O
Charakteristiken
Linn Linn 38
Chênée-Plombières
Gleiser 0 (fréier 2)
Quaien 0 (fréier 2)
Héicht 235 m
PK 9,00
Geschicht
Opgaangen 15. Juli 1872
Zougemaach 2. Juni 1957


D'Gare vu Beyne war eng belsch Gare op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Beyne, tëscht der Gare vu Bois-de-Breux an där vu Fléron. Tëscht Beyne a Fléron louch um hallwe Wee nach d'Halt vu Romsée.

Se gouf 1872 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.

D'Gebai vun der Gare steet nach do an am Gebai hu verschidde Gemengeservicer hir Büroen.