Halt vum Merkhof

Vu Wikipedia
Halt vum Merkhof
Land Belsch
Provënz Provënz Léck
Gemeng Aubel
Uertschaft Merkhof
Koordinaten 50°42'30,23"N, 5°52'46,70"O
Charakteristiken
Linn Linn 38
Chênée-Plombières
Gleiser 0 (fréier 1)
Quaien 0 (fréier 1)
PK 34,7
Geschicht
Opgaangen 22. September 1881
Zougemaach 2. Juni 1957


D'Halt vum Merkhof war eng belsch Halt op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Froidthier, tëscht der Gare vun Aubel an där vun Hombourg.

Se gouf 1881 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.

D'Plaz wou d'Halt war, ass um RAVeL, deen do iwwer déi al Streck féiert, mat engem Schëld markéiert dat sou ausgesäit wéi d'Schëlter op de Quaien an de belsche Garen.