Gare vu Plombières
Ausgesinn
D'Gare wéi se virun 1919 war | |
Land | Belsch |
---|---|
Provënz | Provënz Léck |
Gemeng | Plombières |
Uertschaft | Hindel |
Koordinaten | 50°43'58,19"N, 5°58'1,92"O |
Charakteristiken | |
Linn(en) |
Linn 38 Chênée-Plombières |
Gleiser | 0 (fréier 1) |
Quaien | 0 (fréier 1) |
Héicht | 208 m |
PK | 40,1 |
Geschicht | |
Opgaangen | 7. Dezember 1870 |
Zougemaach | 1952 |
D'Gare vu Plombières war eng belsch Gare zu Plombières op de fréieren Eisebunnstrecke Chênée-Plombieres a Welkenraedt-Gemmenich. Et war den Terminus vun der Linn 38.
Se gouf 1881 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.
D'Gebai vun der Gare gouf 1973 ewechgerappt, an op der Plaz vun der Gare steet haut d'Gemengenhaus vu Plombières.