Fort de Battice

Vu Wikipedia
Westsäit vun der Festung
Panzergruef
Block II

De Fort de Battice ass eng vun de véier neie Festungen, déi just virum Zweete Weltkrich an der Belsch laanscht déi däitsch Grenz gebaut goufe fir d'Land géint eng däitsch Invasioun ze verdeedegen. E gehéiert zum Lécker Festungsrank ( Position fortifiée de Liège, och nach PLF I ofgekierzt).

De Fort läit um Ostrand vum Plateau de Herve op enger Héicht vun 330 m a 17 km vun der däitscher Grenz ewech. Et war déi noost Positioun zur däitscher Grenz.

De mëttelsten Deel vun der Festung ass e Fënnefeck, deen op véier Säiten een déiwe Gruef huet fir sech géint Tanksen ze verdeedegen. Well op der enger Säit d'Eisebunnslinn N°38 dolaanscht gaangen ass konnt do kee Gruef ugeluecht ginn. D'Partie an der Mëtt huet 13,5 ha an d'Fläch vun der ganzer Festung ass 45 ha.

Mam Bau vum Fort ass 1934 ugefaange ginn a beim Ausbroch vum Krich war e nach net fäerdeg.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich war eng Garnisoun vu 750 Zaldote an der Festung stationéiert. Déi däitsch Arméi huet Festung 12 Deeg mat schwéierer Artillerie beschoss a mat Fligerbomme bombardéiert. Dobäi sinn 10 % vun der Garnisoun, déi wéi Mauloppen a 15 Bléck an Observatiounsplaze verdeelt waren ëm d'Liewe komm, dovun eleng 26 Mann am Block 1, dee vun enger Fligerbomm getraff gi war. De Rescht gouf wéi d'Festung sech net méi verdeedege konnt vun der däitscher Arméi gefaange geholl a fir fënnef Joer bis zum Schluss vum Krich an Däitschland verschleeft. Aus den däitsche Prisonge koume 36 Stéck net méi heem.

No der belscher Kapitulatioun huet déi däitsch Arméi d'Festung geschleeft an als Trainingsterrain benotzt.

Um Daach vum Fort, tëscht dem Block 6 an dem Block 7, huet haut e Modellfligerklub seng Landepist an e Veräinsgebai. De Block 4 gëtt als regionale Schéissstand benotzt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fort Battice – Biller, Videoen oder Audiodateien