Malakoff-Tuerm (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Malakoff-Tuerm
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Milliounewee
Koordinaten 49°37'0,13"N, 6°8'38,40"O
Datum vum Bau 1861

De Malakoff-Tuerm a Clausen huet zu der Festung Lëtzebuerg gehéiert. Hie gouf 1861 gebaut, a steet an der Rue Jules-Wilhelm, op hallwer Héicht tëscht Clausen an dem Fort Thüngen. En ass gutt erhalen, de Rez-de-chaussée an de Keller sinn un d'FNEL, den ieweschte Stack un d'LGS verlount. De Malakoff-Tuerm war dat lescht Festungsgebai, dat virum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg opgeriicht gouf. Eng Strooss net wäit ewech dovun ass nom Tuerm "Rue Malakoff" benannt ginn.

En zweete Malakoff-Tuerm gëtt et zu Bäerdref. Dat ass awer kee gebauten Tuerm, mee e Fiels am Dall vun der Äsbech, deen eleng steet an un en Tuerm erënnert.

Den Numm kënnt vum Malakoff-Tuerm, engem Deel vun der Festung Sewastopol, deen am Krimkrich (1853-1856) eng wichteg Roll gespillt huet, a schwéier a laang ëmkämpft war. Duerch déi intensiv Krichsreportagen ass de Begrëff "Malakoff" als Synonym fir Stäerkt, Monumentalitéit, Massegkeet, Gréisst a Belaaschtbarkeet bekannt gemaach ginn. An der Folleg sinn a Westeuropa eng Partie nei grouss oder masseg Tierm duerno benannt ginn, an dat net nëmmen am Festungsbau.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Malakoff-Tuerm (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen


Referenzen[Quelltext änneren]