Rue Jules-Wilhelm (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue Jules-Wilhelm
Numm lb: Milliounewee
fr: Rue Jules-Wilhelm
Längt ca. 1580 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Clausen, Neiduerf/Weimeschhaff
Postcode 2728
Koordinaten 49° 36’ 58.3’’ N
      06° 08’ 33.1’’ O
Genannt no Jules Wilhelm


D'Rue Jules-Wilhelm verbënnt de Quartier Clausen mam Weimeschhaff. Si féiert vun der Allée Pierre de Mansfeld a Clausen laanscht den Däitschen Zaldotekierfecht a laanscht d'Gebuertshaus vum Robert Schuman duerch eng Paart beim Malakoff Tuerm de Bierg aus.

Am ieweschten Deel, deen och nach Milliounewee heescht, geet si ënner dem Hémicycle erduerch a laanscht de Séminaire bis op d'Kräizung vun der Rue Marguerite de Busbach, op der Héicht vun der Sainte-Sophie.

An der Kéier beim Malakoff Tuerm geet e Foussgängerwee als Ofkierzung a Richtung Nordoste fort a stéisst uewenzeg vum Hémicycle nees op de Milliounewee. Tëscht dem Wee an der Strooss déi uewe laanscht leeft, läit den ale jiddesche Kierfecht.

Den 29. Dezember 1945 huet de Gemengerot beschloss de Weimeschhaffer Wee ëmzebenennen an där Strooss den Numm vum Historiker Jules Wilhelm ze ginn[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Jules-Wilhelm (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 101: 69.