Allée des Résistants et des Déportés

Vu Wikipedia
Allée des Résitants et des Déportés
Längt ca. 220 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 1431
Koordinaten 49° 36’ 56.3’’ N
      06° 07’ 14.3’’ O

D'Allée des Résitants et des Déportés ass eng Strooss am Quartier Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg.

Si verbënnt, als Verlängerung vun der Allée Scheffer, dës mat der Rue Jean-Pierre-Probst, an déi s'iwwergeet. Op hirem ganze Verlaf ass op der nord-westlecher Säit de Nikloskierfecht. Op der südëstlecher Säit leeft se e Stéck laanscht de Klenge Glacis, dono laanscht d'hënnescht Säit vum Gebai vun der fréierer Europaschoul (haut Institut national des langues Luxembourg).

Zanter 2018 leeft d'Linn 1 vum Stater Tram derduerch, déi do, um Eck mat der Faienceriestrooss, eng Halt huet (Faïencerie).

2016, am Ufank vun de Bauaarbechte fir d'Infrastruktur vum Tram, goufen op der Kräizung mat der Avenue de la Faïencerie Reschter vun de Grondmauere vun der Neipuertskapell fonnt, déi an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun ofgerappt gi war.

D'Strooss huet hiren Numm zu Éiere vun de Resistenzler an den Deportéierten am Zweete Weltkrich, deenen hiert nationaalt Kommemoratiounsmonument, d'Hinzerter Kräiz, nobäi um Nikloskierfecht ass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Allée des Résistants et des Déportés – Biller, Videoen oder Audiodateien

Allée des Résitants et des Déportés an Ons Stad N° 52

Referenzen[Quelltext änneren]