Op den Inhalt sprangen

Rue de la Grève (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rue de la Grève)
Rue de la Grève
Numm fr: Rue de la Grève
Fréieren Numm bis 1944: rue Lessing
Längt ca. 85 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode L-1643
Koordinaten 49° 36’ 20,4’’ N
      06° 07’ 42.7’’ O

D'Rue de la Grève ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Neier Avenue aus no Weste bis bei d'Rue Sainte-Zithe. Op hirer Südsäit sti keng Haiser; do ass de Rousegäertchen.

Den Numm erënnert un de Streik vum 2. September 1942, deen aus Protest géint déi ugekënnegt Rekrutéierung vu Lëzuebuerger Jongen an d'däitsch Arméi ausgeruff gi war. En ass thematesch komplementär zu der Place des Martyrs an der Rue du Plébiscite déi aner Säit.

D'Strooss gouf mat der Urbaniséierung vum Plateau Bourbon ugeluecht. Si krut den Numm Rue Lessing, nom däitsche Schrëftsteller Gotthold Ephraim Lessing. No der Befreiung 1944, krut si den haitegen Numm.[1]

Commons: Rue de la Grève (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr. 13/1983, S. 30.