Avenue Joseph-Sax

Vu Wikipedia
Avenue Joseph Sax
Numm fr: Avenue Joseph Sax
Längt ca. 220 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 2515
Koordinaten 49° 37’ 29.8’’ N
      06° 07’ 05.1’’ O
Genannt no Joseph Sax

D'Avenue Joseph Sax ass eng Strooss um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Se verbënnt d'Rue Nicolas Liez mam Square Édouard André. Se ass fir de Verkéier nëmmen an dëser Richtung op a just d'Bussen däerfen och an der anerer Richtung fueren.

Um nërdleche Wupp vun der Strooss féiert e Fousswee bis bei d'Waldorfschoul an der Rue de l'Avenir. Laanscht d'Avenue leien op der westlecher Säit Gebaier vum Lycée technique du Centre an och de Lycée Vauban.

D'Strooss ass benannt nom lëtzebuergeschen Ingenieur Joseph Sax.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue Joseph-Sax – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]