Route de Thionville (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Route de Thionville
Numm lb: Diddenuewener Strooss
Längt ~1040 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Bouneweg-Süd
Postcode 2610, 2611
Koordinaten 49° 35’ 38.1’’ N
      06° 08’ 18’’ O
Genannt no Diddenuewen

D'Route de Thionville, resp. d'Diddenuewener Strooss ass eng Strooss an der Gemeng Lëtzebuerg, am Quartier Bouneweg-Süd.

Si féiert a südëstlecher Richtung vum Leschte Steiwer, hannert der Jean-Pierre-Büchler-Bréck, bis op d'Gemengegrenz, op der Héicht vum Rangwee, wou s'um Houwald, an der Gemeng Hesper, ënner dem selwechten Numm virugeet.

Op hirer ganzer Längt geet d'Nationalstrooss 3 driwwer. Och d'Voie de la Liberté féiert driwwer.

Si huet hiren Numm vun der Stad Diddenuewen, am Museldepartement, wuer se hiféiert.

Fréier war d'Tilleschgaass am Gronn e wichtege Wee deen iwwer den ale Kiem vun Diddenuewen aus iwwer Bouneweg an d'Festung Lëtzebuerg gefouert huet; déi Gaass huet deemno bis 1925 rue de Thionville geheescht.

Bemierkenswäert Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route de Thionville (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]