Millegässel

Vu Wikipedia
Millegässel
Numm lb: Millegässel
fr: Millegässel
Längt 290 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Eech
Postcode 2156
Koordinaten 49° 37’ 41.3’’ N
      06° 07’ 41.2’’ O

D'Millegässel ass eng Strooss zu Eech an der Stad Lëtzebuerg. Se geet vun der Millebaacher Strooss um westleche Bord vun der Eecher Plaz aus a Richtung Norde fort, iwwer d'Rue Émile Metz ewech bis bei den Eecher Bësch. Am ieweschten Deel geet en Aascht als Sakgaass no Weste fort.

Tëscht der Millebaacherstrooss an dem Eecher Bësch, op enger Längt vun 205 Meter, si 35 Héichtemeter z'iwwerwannen, wat eng Pente vun eppes méi wéi 17 % ausmecht.

Och wann et an der aler Gemeng Eech eng Rëtsch Mille gouf, sou dierft den Numm vun der Strooss op d'Eecher Bannmillen zeréckzeféiere sinn, déi laanscht der Millebaacherstrooss louch an an den 1960er Joren ofgerappt gouf[1].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Millegässel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, 2002. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 26 (1987), S.17.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]