Rue de la Poste (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rue de la Poste an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Fir déi fréier Rue de la Poste am Garer Quartier, kuckt wgl. Rue du Fort-Neipperg.
Rue de la Poste
Lëtzeb. Numm um Piquet,
Piquet
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-2346
Koordinaten 49°36'41,18"N, 6°7'42,89"O
Morphologie
Längt 200 m
Héicht i. M. 303 m
Geschicht
Genannt no POST Luxembourg

D'Rue de la Poste ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Eck mat der Kuelegaass op der Plëss aus a Richtung Weste bis bei d'Aldringerstrooss. D'Plätzche wou se mat der Beckstrooss an der Aldringerstrooss zesumme kënnt, gëtt (um) Piquet genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Odonym Rue de la Poste gouf de 16. Mee 1925 agefouert[1]. E bezitt sech op den Hôtel des Postes, de fréiere Sëtz vun der Lëtzebuerger Post.

Rue de la Place d'Armes[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Rue de la Poste huet am ëstlechen Deel, vun der Kuelegaass bis bei d'Philippsgaass Rue de la Place d'Armes geheescht. D'Strooss huet fréier aus enger duebeler Rei Haiser bestanen. Et ass warscheinlech, datt se duerch dat grousst Feier vum 11. Juni 1554 ganz zerstéiert gouf. Déi südlech Rei Haiser ass net méi opgebaut ginn[2].

Rue du Piquet[änneren | Quelltext änneren]

Am westlechen Deel, tëscht der Philippsgaass an der Aldringerstrooss housch d'Strooss virun 1825 an duerno, vun 1854 bis 1925 Rue du Piquet[3].

Piquet erënnert un déi deemoleg Artilleriekasär aus der spuenescher Zäit (1674), déi tëscht der Rue Beck an der Aldringerstrooss stoung. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick, eng Handwierkerschoul grad wéi de Siège vun der Postverwaltung dran.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue de la Poste (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rue de la Poste op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; Numéro Dossier/Régistre 880, gekuckt den 2. Abrëll 2020
  2. Rue de la Place d'Armes Numéro Dossier/Régistre 34, Ibid.
  3. Rue du Piquet; Numéro Dossier/Régistre 865, Ibid.