Brandgässel

Vu Wikipedia
Brandgässel
Numm lb: Brandgässel
fr: Brandgässel
Längt ca. 31 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Koordinaten 49° 36’ 54.1’’ N
      06° 07’ 54.5’’ O

D'Brandgässel am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg verbënnt iwwer eng Trap d'Ieweschtgaass mat der Lougaass. Den Héichtenënnerscheed tëscht den zwou Stroosse läit bei knapps 13 Meter.

Ier an de 70er Jore vum 19. Joerhonnert déi éischt ënnerierdesch Waasserleitung vun der Quell bei der Eecher Paart bis bei de Pëtz vun der Neipuert a Betrib war, gouf dës Trap benotzt fir am Fall vun engem Brand am Stadzentrum d'Waassereemere séier an d'Uewerstad kënnen ze transportéieren. D'Eemere goufen an der Uelzecht gefëllt an dann iwwer eng Mënscheketten erop gedroen[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brandgässel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jean-André Stammet, 2013 Eng Brandgässel am Pafendall op mywort.lu, fir d'lescht gekuckt de 5. September 2015
  2. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015