Rue Albert-Unden

Vu Wikipedia
Rue Albert-Unden
Lëtzeb. Numm Pabeierbierg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Lampertsbierg, Millebaach
Deel vun CR215
Postcode 2652
Koordinaten 49° 37’ 39.04’’ N
      06° 07’ 06.89’’ O
Morphologie
Längt 760 m
Geschicht
Genannt no Albert Unden

De Pabeierbierg (offiziell: Rue Albert Unden) ass op senger ganzer Längt en Deelstéck vum CR215 tëscht de Quartiere Millebaach a Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg. D'Strooss verbënnt d'Rue de Mühlenbach (Kräizung) mat der Avenue du Bois (Kräizung mat de Boulevarden John J. Pershing an Dr Ernest Feltgen) um Lampertsbierg, woubäi den Deel um CR215 eng Längt vun 813m huet. Den Héichtenënnerscheed vum déifste bis op den héchste Punkt ass ronn 74 m.

Dës Steigung mat zwee Deelstécker mat maximal bal 14 % an enger Moyenne vun ongeféier 9 % ass scho bei Etappe vum Tour de France a vum Tour de Luxembourg gefuer ginn.

D'Rue Albert Unden huet, nieft dem Deel op der Haaptstrooss (CR215), am éischte Véirel vum Biergop laut Geoportail.lu och nach en ca. 74m laangen Säitenaarm no lénks an e puer Meter méi wäit laut Kaart vun der Stater Gemeng nach en ca. 85m laangen Säitenaarm op der rietser Säit (Haiser 187-195).

D'Strooss krut den 20. Dezember 1945 hiren Numm als Erënnerung un de lëtzebuergeschen Industriellen a Gemengepolitiker Albert Unden.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergeschen Numm erënnert un e puer fréier Pabeiermillen, respektiv -fabricken an der Millebaach (Jesuittemillen, St. Margarethen Pabeiermillen an aner).[2]

Am Pabeierbierg stoung am 19. Joerhonnert e Weekräiz aus Holz, dat awer geklaut gouf.[3]

Vun 1984 bis 2017 war an engem alen Haus (nogewisen um Kadaster vun 1856) op der Nummer 217 riets op den éischte Metere biergop deen éischten traditionellen englesche Pub vu Lëtzebuerg, den "George and Dragon".[4],[5],[6]

Am Tour de France ass den 2. Juli 1989, op der éischter hallwer Etapp vum Dag (iwwer 135,5 km), de Pabeierbierg zwee an en hallwe Kilometer virun der Arrivée eropgefuer ginn. Den Acacio Da Silva hat déi Plaz fir z'attackéieren ausgenotzt an huet gewonnen.[7]

An der Editioun 2019 vum Tour de Luxembourg, déi fir d'éischt Kéier eng international Live-Iwwerdroung inklusiv Kameraopnamen vun engem Helikopter hat, war de Pabeierbierg an enger Etapp e puermol op engem Circuit ronderëm de Lampertsbierg ze fueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Rue Albert Unden op topographie.lu, dem Système d`Information Urbain vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 31. August 2020)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (Ons Stad Nr. 90, S.42). Gekuckt de(n) 31.08.2020.
  2. Pabeierfabriken zu Lëtzebuerg (op industrie.lu). Gekuckt de(n) 01.09.2020.
  3. Langini, Alex (1996): Les croix de chemin de la Ville de Luxemburg. In: On Stad Nr. 52, S. 22-25.. Gekuckt de(n) 31.08.2020.
  4. LuxembourgTimes: Life goes on at the George & Dragon. 16.05.2013, on-line. Gekuckt de(n) 31.08.2020.
  5. RTL 5 Minutes: Fermeture du pub "George & Dragon" au Rollingergrund. 07.10.2017, en ligne. Gekuckt de(n) 31.08.2020.
  6. Aus für Kultpub? In: Lëtzebuerger Journal, 19.09.2017 (on-line) Gearchiveerd op 2019-09-07. Gekuckt de(n) 01.09.2020.
  7. 76ème Tour de France 1989 - 1ère & 2ème étape (Mémoire du Cyclisme). Gekuckt de(n) 01.09.2020.