Rue Charles-Darwin

Vu Wikipedia
Rue Charles Darwin
Numm fr: Rue Charles Darwin
Längt ca 350 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gaasperech
Postcode 1433
Koordinaten 49° 35’ 07.2’’ N
      06° 07’ 20.8’’ O
Genannt no Charles Darwin

D'Rue Charles Darwin ass eng Strooss zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg déi de 26. Juli 2018 offiziell ageweit a fir de Verkéier opgemaach gouf.

D'Strooss verleeft als Verlängerung vun der Rue Christophe Plantin a Richtung Süden iwwer d'Drosbech ewech an dréint dann no Süd-Westen a kënnt um Boulevard de Kockelscheuer eraus. Se mécht eng nei Verbindung tëscht dem alen Deel vu Gaasperech an dem Gaasperecher Bann respektiv der Cloche d'or.

Mat der Ouverture vun dëser neier Strooss soll d'Verbindung tëscht dem Gaasperecher Quartier an dem Gaasperecher Bann iwwer d'Gluck-Strooss wärend enger Proufzäit vu sechs Méint gespaart ginn, fir ze kucken op de Quartier sou vum Duerchgangsverkéier kéint entlaascht ginn[1]. Bei der Aweiungsfeier ass ugekënnegt ginn, datt nach eng Verkéierszielung gemaach gëtt an datt dann de Sujet nach eng Kéier an enger Biergerversammlung thematiséiert gëtt[2].

D'Strooss huet den Numm vum Charles Darwin (1809-1882), engem britteschen Naturfuerscher an Evolutiounsbiolog.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Charles-Darwin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Étude de trafic dans le quartier de Gasperich : mars 2018 op vdl.lu, gekuckt de 25. Juli 2018
  2. Pressecommuniqué vun der Stad Lëtzebuerg - Inauguration de la rue Charles Darwin au Ban de Gasperich vum 26. Juli 2017