Drosbech
D'Drosbech op der Cloche d'or, a Richtung Norde gekuckt. | |
Längt | 8,6 km |
---|---|
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Zesummelaf vun 2 Grief |
Plaz | Leideleng |
Héicht | 314 m |
Koordinaten |
49° 33’ 57.4’’ N 06° 03’ 48.7’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | Hesper |
Héicht | 260 m |
Koordinaten |
49° 34’ 31.8’’ N 06° 09’ 13.10’’ O |
Geographie | |
Land |
![]() |
Uertschaften | Leideleng, Gaasperech, Hesper |
D'Drosbech ass eng Baach zu Lëtzebuerg an de Gemenge Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper.
Si huet hir Quell am Weste vu Leideleng um Flouer Viischte Réidesch an Urbett[1] op enger Héicht vun ongeféier 330 Meter. Vun do aus leeft se no Osten a Richtung Cloche d'or, wou laanscht hir Uwänner 2019-2020 de Gaasperecher Park ugeluecht gouf. Dono dréint se no Norden a Richtung Gaasperech an Houwald. Soubal wéi se do ënner der Diddelenger Autobunn erduerch ass, leeft se an enger Kanalisatioun weider ënner der Eisebunn erduerch fir hanner dem Tennisfeld vum Houwald an der Griecht mam Numm Schleed erëm aus dem Buedem erauszekommen. Da leeft se duerch déi Griecht bis op Hesper, fir do op enger Héicht vun 260 Meter vu lénks an d'Uelzecht ze lafen.
Si ass ronn 8.600 m laang an ausser engem Gruef zu Zéisseng dee vun der Brommeschheck hierkënnt huet se keng nennenswäert Niewebaach.
Fotoen[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Drosbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Quell vun der Drosbech op www.geoportail.lu, der offizieller Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie