Diskussioun:Drosbech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Also ech kënnen des nëmmen als Drosbach (an ech wunnen derbei zu Zéisseng). As daat héi e Feeler?--85.93.209.210 12:32, 15. Abr 2008 (UTC)

Gudden Owend,
Wéi ech den Artikel ugeluecht hunn hat ech eng Auswiel ze maachen, an zwar tëscht Droosbech (sou soen se zu Schëtter) , Drousbech an Droussbech (sousoen se am Réidener Kanton), Drosbaach, Drousbaach an Drosbech.
Op dat däitscht Wuert Drosbach, war ech dommerweis net komm.
Fir datt jiddereen deen no der Baach op der Landkaart sicht, hunn ech dunn alt emol Drosbech geholl, sou wéi et op der Lëtzebuerger topographescher Kaart vum Kadaster steet. Ech weess och net ween ausser der IP déi hei freet zu Zéisseng den däitschen Numm gebraucht, ausser e wier vun déi Säit der Musel. Les Meloures 17:23, 15. Abr 2008 (UTC)
Do haat ech mech och verschriwwen. Haat Drosbaach an nët Drosbach gemengt. Déi manst héi wessen iwerhaapt dass et déi Baach gett, geschweige dann wéi se heescht. Hun ech och wann ech schons als Kand dra gespillt hu réicht geléiert wéi ech am Syndicat d'Intérêt waar an et drëm gung se botzen ze loossen.--80.90.53.23 13:55, 24. Abr 2008 (UTC)