Leideleng

Vu Wikipedia
Leideleng
D'Gemengenhaus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Leudelange
de: Leudelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Leideleng
Buergermeeschter Lou Linster
Awunner 2.766
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 33’ 59’’ N
      6° 3’ 53’’ O


Leideleng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft a Sëtz vun der Gemeng mat deem selwechten Numm. Leideleng gëtt vun den Awunner op Lëtzebuergesch "Lëdeleng" genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fir d'éischt gëtt Leideleng am Joer 786 als Lullingas ernimmt. Aner Variante sinn 1096: Luolinga, 1128: Ludelinga, 1145: Ludelinga an 1222: Lullingen[1].

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

E Leidelenger Erfinder war de Jean Entenich[2].

Um 20 Frang Schäin vun 1930[3] gesäit een e Bauer, dee säi Land plout. De Leidelenger Bauer op dem Bild ass de Léopold Michels op sengem Aker an der Géigend vum Schléiwenhaff[4] Den Zeecheprofesser Pierre Blanc hat dëst Bild vun enger Foto ofgezeechent an d'Landschaft am Hannergrond verännert. Déi ursprénglech Foto gouf et och als Postkaart.

Neie Waassertuerm[änneren | Quelltext änneren]

Den neie Leidelenger Waassertuerm

Mat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm versuergt zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 Kubikmeter. De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt duerch den ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser versuergt.

De Projet gouf matfinanzéiert vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER".

Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[5]. Fir dëse Projet krut den Architektebüro Schemel|Wirtz de Prix luxembourgeois d'architecture 2011.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leideleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Leideleng op der Alemannescher Wikipedia
  2. De Jean Entenich op industrie.lu
  3. Dëse Schäin war am Gebrauch bis en 1939 duerch eng Mënz ersat gouf.
  4. Récksäit vum 20 Frang Schäin
  5. Broschür vum neie Waassertuerm