Jean Entenich
Ausgesinn
| Jean Entenich | |
|---|---|
| Gebuer |
11. Februar 1884 Leideleng |
| Gestuerwen |
21. Juli 1959 Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Erfinder, Bauer |
| Member vun | Landwirtschaftskummer |
| Mamm | Hélène Entenich-Wivenes |
|
| |
De Jean Entenich, gebuer den 11. Februar 1884 zu Leideleng, a gestuerwen den 21. Juli 1959 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Bauer, Erfinder an Assurancenagent[2]. Hie gouf och 1937 Member an der Landwirtschaftskummer[3].
Hien huet versicht, d'Agrarproduktioun ze hiewen a besser Produktiounsmethoden anzeféieren. Seng éischt Erfindung, déi Unerkennung fonnt huet, war eng Verbesserung vum Plou. Seng Visioun, all Felder zesummenzeleeën a sou en eenzegen industrielle Bauerebetrib zu Leideleng ze schafen, ass op allgemeng Ofleenung gestouss. Seng Grondiddi war fir duerch Kollektivéierung a Mechaniséierung vun der Landwirtschaft méi eng héich Produktioun z'erreechen.
De Jean Entenich huet fir seng Erfindunge follgend Breveten:
- Brevet N. 12504 vum 26. November 1921 fir seng Selbsttätig wirkende Vakuum-Wasser-Luft-Kraftmaschine, welche in allen stehenden Betrieben verwendet werden kann[4]
- Brevet N. 14349 vum 11. Februar 1926 fir säi Feldwagen mit Geleiseanlagen[5]
- Brevet N. 17015 vum 10. Oktober 1929 fir säin Landwirtschaftlicher Feld- und Transportwagen[6]
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- http://www.industrie.lu/EntenichLeudelange.html
- http://buch-info.org/verlag/J._Entenich
- Administration communale de Leudelange, Gemeng Leideleng 1856-1996, Imprimerie Saint-Paul 1997, S.135-136, ISBN 2-9599931-0-1
- Rob Roemen, Ein verkanntes Genie?, Amis de la Fleur Leideleng 75e Anniversaire, 2002.
- Administration communale de Leudelange, Journal du 150e Anniversaire, 2006
- ENTENICH Jean, KAUFFMANN Raymond, Jean ENTENICH, ein Erfinder aus Leudelingen, Cercle Culturel et Historique de Leudelange, Imprimerie Reka, 2008, 76 S, ISBN 978-2-87996-660-1
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Juli 1959, S.7
- ↑ Assurencenagenten 1922 Archivéiert den 19.09.2011. Gekuckt den 12.12.2016.
- ↑ Landwirtschaftskummer 1937
- ↑ Brevet N. 12504 vum 26. November 1921
- ↑ Brevet N. 14349 vum 11. Februar 1926
- ↑ Brevet N. 17015 vum 10. Oktober 1929
